Monument aux morts an US-Monument zu Näerden

Krichsmonumenter zu Näerden

De Monument aux morts an d'US-Monument zu Näerden um Kierfecht sollen engersäits un all déi Näerdener erënneren, déi hiert Liewen am 2. Weltkrich gelooss hunn, anerersäits un d'Ardennenoffensiv kuerz viru Chrëschtdag 1944.

Monument aux morts an US-Monument zu Näerden
Monument aux morts
Typ Krichsmonument,
Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Biekerech
Plaz Näerden
Koordinaten 49°44'26,99"N, 5°55'26,72"O
Ageweit 14. Oktober 1984
D'US-Monument am Juli 2013

Monument aux morts änneren

De Monuments aux morts steet zu Näerden um Kierfecht direkt nieft der Kierch a gouf de 14. Oktober 1984 ageweit. Um Monument mat der Form vum Lëtzebuerger Land, gesäit een ee Bam, deen op der enger Hallschent seng Blieder verluer huet, op der anerer s'awer nach all dréit.

Ënnerstrach gëtt dat Ganzt vun der Opschrëft:

EISE
KRICHSAFFER
1940-1945

a soll un all verstuerwen Näerdener Leit erënneren, déi am 2. Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn.

US-Monument änneren

D'US-Monument steet zu Näerden um Kierfecht direkt nieft dem Monument aux morts a gouf de 7. Oktober 1995 ageweit.

D'Plack steet als Erënnerung un d'Evakuatioun vum Duerf wärend der Ardennenoffensiv den 19. Dezember 1944 an un d'Miliz vun der organiséierter Resistenz, déi als eenzeg an der Uertschaft bliwwe war bis den 21. Dezember 1944 d'US-Yankee Division si ofgeléist huet.

D'Opschrëft vum Monument ass:

ARDENNENOFFENSIV - WANTER 1944-45
Den 19.12.1945 sin zou Näerden d'Leit evakuéiert gin.
D'Miliz vun der organiséierter Resistenz as do bliwwen
a war den eenzegen arméierte Posten an der Regioun
dëssäits der Kräizerbuch, bis den 21.12.1944
d'U.S. Yankee-Division koum.
Mat dem 328. Regiment waren d'Milizleit duerno am Réidener Kantong am Asatz.
De Generol G.S. PATTON huet si, op Chrëschtdag, fir hiirt Äushalen féliciteiert.
7.5.1995

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Monument aux morts an US-Monument zu Näerden – Biller, Videoen oder Audiodateien