Scoutekapell Neihaischen
D'Scoutekapell um Neihaischen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schëtter gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Neihaischen | |||
Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Notre-Dame des Bois | |||
Proprietär | Scouten[1] | |||
Koordinaten | 49° 37’ 20.98’’ N 6° 14’ 45.85’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell, déi offiziell Chapelle Notre-Dame des Bois heescht, gehéiert de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
D'Kapell läit um Lieu-dit Haardt, an der rue principale, dem CR185, um Bord vum Bësch, an der Entrée vun der Uertschaft wann ee vu Mënsbech erop kënnt. Op der anerer Säit vun der Strooss läit de Centre de formation et d'animation vun der LGS mam Chalet Nicolas Rollinger.
Zur Par Schëtter gehéiert ausser der Scoutekapell och nach d'Parkierch vu Schëtter.
Monument
ännerenUn der Kapell, zur Säit vum Bësch hin, ass e Monument zur Erënnerung un d'Scouten déi an der Resistenz am Zweete Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn. D'Monument besteet aus engem Kräiz aus Holz, engem stenge Sockel a Form vun enger Grafplack, an enger gosse Plack op där steet:
- ÖMMER BERET 1940-1945
- ONSE MÄRTYRER
D'Kapell an d'Monument goufen den 1. Mee 1952 ageweit.
All Joer den 1. Mee organiséieren d'LGS eng Gedenkzeremonie an der Kapell a beim Monument zur Erënnerung un d'Affer vun hire Memberen an der Resistenz.
Geschicht
ännerenAm Zweete Weltkrich haten eng Rei Scoute versprach, eng Kapell opzeriichte wa s'aus dem Krich heem kéimen.
1951 gouf de Bau vun der Kapell, op Initiativ vum deemolege Generalkommissär Charles Edouard Rischard, vum Comité directeur vun de Lëtzebuerger Scouten decidéiert. Den Terrain krut d'Organisatioun vun enger Famill vum Neihaische geschenkt. D'Aarbechte goufe vum Jean Muller, Scout a Grënner vun der éischter Resistenzgrupp am August 1940, koordinéiert.
Den 1. Mee 1951 goufen déi éischt Steng am Steebroch net wäit ewech erausgeholl. Eng Rëtsch Scouten an Awunner vum Neihaischen hunn de Steemetzer an deenen aneren Handwierker beim Baue gehollef.
D'Kapell an d'Monument goufen den 1. Mee 1952 vum Bëschof Léon Lommel a Presenz vum Chefscout, dem Prënz Jean, ageweit.
Quellen
änneren- Websäit vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) [1]
- ct, 2011. Ehrendes Gedenken an Pfadfinder. Luxemburger Wort vum 3. Mee 2011, S. 23.
- G.L., 2013. Eine Kapelle zu Ehren der heiligen Muttergottes. Die "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" erinnern sich. Luxemburger Wort vum 6. Mee 2013, S. 26.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Scoutekapell Neihaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |