Kierch Noutem (Stauséigemeng)

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Noutem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Stauséigemeng gehéiert.

Kierch vun Noutem
Filialkierch vun Noutem (2014)

Filialkierch vun Noutem (2014)
Filialkierch vun Noutem (2014)
Uertschaft / Plaz Noutem
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Albinus
Baujoer 1843
Koordinaten 49° 56’ 30.0’’ N
      05° 52’ 49.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Norde vum Duerf an der Duerfstrooss. Virum Kierchtuerm ass e Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Geschicht änneren

Scho 1580 gouf d'Veréierung vun den Hellegen Albinus an Celsus zu Noutem an historeschen Dokumenter ernimmt. 1680 huet de Jean-Antoine Blavier, de "Coadjuteur" vu Léck, déi Noutemer Kierch dësen zwéin Hellege gewidmet. Leider war déi Noutemer Kierch no de Kricher aus der Zäit vum Napoleon ganz staark zerstéiert. Si gouf dowéinst 1843 frësch opgebaut. Den Altor aus dem Joer 1707 an zwou Statue vun den Hellegen Albinus an Celsus dekoréieren haut déi Noutemer Kierch.

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Bärel, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Bärel huet ausser der Filialkierch vun Noutem och nach d'Parkierch vu Bärel gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Noutem (Stauséigemeng) – Biller, Videoen oder Audiodateien