Kierch Nidderwampech

kathoulesch Kierch

D'Kierch vun Nidderwampech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

Kierch vun Nidderwampech
Filialkierch vun Nidderwampech (2014)

Filialkierch vun Nidderwampech (2014)
Filialkierch vun Nidderwampech (2014)
Uertschaft / Plaz Nidderwampech
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Ouen
Konsekratioun 1735
Baujoer 1735
Koordinaten 50° 00’ 39.8’’ N
      05° 50’ 33.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Ouen, deem säi Fest de 24. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1735 gebaut an am Juli 1735 vum Weihbëschof Gilis vu Léck konsekréiert.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Nidderwampech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an dëser Par.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Nidderwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 173 an 181