Monument aux morts Nidderkäerjeng

Krichsmonument zu Nidderkäerjeng vum Sculpteur Claus Cito.

D'Monument aux morts zu Nidderkäerjeng ass e Krichsmonument vum Sculpteur Claus Cito.

Monument aux morts Nidderkäerjeng
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerjeng
Plaz Nidderkäerjeng
Koordinaten 49°34'5,84"N, 5°54'27,29"O
Ageweit 17. August 1952
Kënschtler Claus Cito

Et weist den doudege Jesus, ronderëm dee 6 Frae stinn, déi ëm hie kräischen.

D'Monument war en Don vum Cito senger Tatta, der Maria Cito. Et gouf de 17. August 1952 ageweit a stoung an der rue de la Résistance.[1] Zanter Enn 2011 steet et nieft engem Hausgiewel op der Plaz wou déi al Kierch stoung, an der rue de l'Église.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Dépliant Circuit Claus Cito, Agence luxembourgeoise d'action culturelle; fir d'Austellung D'Gëlle Fra, 2010.