Kierch Lëtzebuerg-Millebaach
Kierchegebai zu Lëtzebuerg
D'Kierch an der Millebaach ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Millebaach | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Fiakrius | |||
Konsekratioun | 15.3.1964 | |||
Architekt(en) | Robert Leer | |||
Koordinaten | 49° 37’ 49.9’’ N 06° 07’ 05.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Fiakrius, deem säi Fest den 30. August gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue Jean-Pierre Huberty mat der rue des Sept-Arpents an der rue Emile Metz.
Zur fréierer Par Weimeschkierch gehéieren ausser der Filial Millebaach och nach d'Parkierch vu Weimeschkierch, d'Filialkierch vum Kierchbierg an d'Filialkierch vun Dummeldeng.
Geschicht
änneren- Spéitsummer 1961: De Bagger fänkt un, e Lach ze gruewen.
- 1. Mee 1962: De Grondstee gëtt geluecht.
- 30. September 1962: D'Klacke gi geweit.
- Advent 1963:Déi éischt Mass gëtt am Kiercheraum gehalen.
- 15. Mäerz 1964: Konsekratioun vun der Kierch.
- Oktober 1972: Éischte Concert op der Uergel.
De Kräizwee
ännerenDe Kräizwee ass vum Foni Tissen.