Fly-over-Bréck zu Bartreng
D'Fly-over-Bréck zu Bartreng ass eng Schréiseelbréck zu Bartreng op der Grenz mat Mamer, déi d'N6 (Areler Strooss) boufërmeg mat dem Rond-point bei der Europaschoul II zu Mamer verbënnt. D'Bréck ass den 2. September 2013 fir de Verkéier opgaangen[1].
Duerch dës Bréck soll de Rond-point Tossebierg am Agank vu Mamer entlaascht an den Zougang fir bei d'Schoul verbessert ginn. D'Bréck ka vun Autoen nëmme vu Bartreng a Richtung Schoul befuer ginn, huet awer och eng Vëlosspuer.
Déi boufërmeg Konstruktioun huet e Radius vun 102,25 Meter. D'Bréck huet eng total Längt vun 132 Meter.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Fly-over-Bréck zu Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Wort.lu: Mamer: Fly-Over-Brücke geht in Betrieb