Hinzert ass eng Uertschaft am Honsréck am Landkrees Tréier-Saarburg a gehéiert mat der Nopeschtuertschaft Pölert zu der Gemeng Hinzert-Pölert an zu der Verbandsgemeng Hermeskeil.

Hinzert
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Tréier-Saarburg
Verbandsgemeng Hermeskeil
Gemeng Hinzert-Pölert
Awunner
Koordinaten 49° 42’ 18’’ N
      06° 54’ 07’’ O


Hinzert läit um Rand vun enger Dällt vum Osburger Hochwald. Seng Duerchschnëttshéicht läit bei 490 m. Déi héchst Plaz läit op 522,9 Meter, an déi déifst op 475.

Un de Verkéier ass Hinzert ugeschloss iwwer d'L 148 déi Kontakt huet mat der Bundesstrooss B 52 déi vun Tréier-Ehrang/Quint op Hermeskeil féiert.

Fréier ass och eng Eisebunnslinn laanscht Hinzert gelaf an d'Gare war zu Pölert. D'Gebai an d'Plaz vun der Gare ginn haut vun engem Baumaterialenhändler benotzt.

Zu Hinzert gëtt eng Kapell déi dem hellege Johannes geweit ass

D'Buergermeeschtesch ass d'Mathilde Müller.

Geschichtleches änneren

Déi zwee Nopeschdierfer Hinzert a Pölert si sougenannt Rodungsdierfer déi tëscht 900 an 1200 entstane sinn. D'Uertschaft gëtt fir d'éischt schrëftlech an engem äerzbëscheeflechen Dokument vun 1220 ernimmt. An zwee Dokumenter aus dem Joer 1329 gëtt se eng Kéier als Hinsenroth, an déi aner Kéier als Huntzilroth ernimmt.

Géint 1542 heescht se Hunzraitt, 1569 Hunzerath an zwanzeg Joer méi spéit Hüntzerath.

Am Joer 1688 heescht se Hintzrerath wouraus lues a lues Hinzert ginn ass.

Haut ass Hinzert haaptsächlech bekannt well am Zweete Weltkrich do d'SS-Sonderlager Hinzert stoung.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel SS-Sonderlager Hinzert an am Artikel Commemoratiounsplaz Hinzert

Nopeschuertschaften änneren