Abtei Iechternach

lëtzebuergesch Benediktinerabtei
(Virugeleet vu(n) Klouschter Iechternach)
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Abtei Iechternach war eng Benediktinerabtei, déi, op eng Stëftung vun der Irmina vun Oeren hin, vum Missionnaire Willibrord zu Iechternach gebaut gouf.

D'Portal vun der fréierer Abtei

Si war virun allem bekannt fir hire Scriptorium, an deem am 11. Joerhonnert ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, de Codex Aureus Escorialensis an den Iechternacher Evangelistar entstane sinn.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Abtei grad wéi d'Abteikierch beschlagnaamt, a vun den Truppen an den Iechternacher Bierger geplëmmt. Wéi d'Pateren den 10. Februar 1797 probéiert haten zeréckzekommen, goufe se definitiv vun de Fransouse fortgedämpt an de Besëtz gouf de 24. Februar 1797 versteet.

D'Abtei mat der Kierch gouf vum Jean-Henri Dondelinger, dee virdrun Haffmeier vum Klouschter war, gesteet an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faïencerie Dondelinger.

E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollenduerfer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier, engem franséische Regierungskommissär, opkaaft.

 
Statu vum Willibrord mat sengem Wäiwonner-Fässchen.
 
Theofried vun Iechternach.
 
Statu vum Abt Pierre Richardot an der Basilika zu Iechternach.
  • Willibrord
  • Adalbert (739–775), 2. Abt
  • Beornrad (775–797), 3. Abt, Äerzbëschof vu Sens
  • Hetti (virun 838-847), Äerzbëschof vun Tréier
  • Reginar (864–870), Laienabt
  • Adalhard I. (bis 870), Laienabt
  • Karlmann (874–876), Jong vum Keeser Karel de Plakkapp
  • Adalhard II. (bis 890), Laienabt
  • Siegfried I. vu Lëtzebuerg (ëm 950), Laienabt
  • Ravanger
  • Humbert (1028–1051)
  • Reginbert (1051–1081)
  • Thiofrid vun Iechternach (1081–1110)
  • Godefridus (ëm 1143)
  • Ludwig (1173–1186), Abt vun der Benediktinerabtei St. Matthias
  • Heinrich von Schönecken (1298–1324)
  • Theoderich von Are (1329–1341)
  • Johann von Winningen (1341–1353), 40. Abt
  • Johann de Neuville = Jean de Neuville (Abt 1353–1362), 41. Abt
  • Wilhelm vu Kerpen (Abt 1362–1372), 42. Abt
  • Hertwin vu Waldeck (1375–1377), 43. Abt
  • Philipp vun Homburg (1377–1378)
  • Peter vu Gymnich (Abt 1399–1413), 47. Abt
  • Nikolaus vu Gymnich (Abt 1414–1424), 48. Abt
  • Pierre de Hubines = Peter von Hübingen (Abt 1424–1437), 49. Abt
  • Winand von Gluwel = Wynant de Gluwel (Abt 1437–1465), 50. Abt
  • Colinus = Colin Plick von Oirwick (Abt 1465–1476), 51. Abt
  • Francis Plick von Oirwick (Abt 1476–1477), 52. Abt
  • Burchard Poszwin von Neuerburg (1490–1506)
  • Robert vu Monreal (1506–1539)
  • Matthias von Lützeradt = Mathias de Lutzeradt (Abt 1539), 56. Abt
  • Gottfried von Aspremont = Godefroid d'Aspremont
  • Antonius Hovaeus = Antoine Hovay = Antoon van Hove = Antonius van der Hoef  († 6. September 1568, Abt 1563–1568), 59. Abt
  • Martin Masius = Martin Maas = Marten Maes a Meerbeeck (1520–1585, Abt 1569–1585), 60. Abt
  • Jean Gladt = Johann Gladt (Abt 1586–1594), 61. Abt
  • Jean Bertels = Johann Bertels (1544–19. Juni 1607, Abt 1595–1607), 62. Abt
  • Pierre Richardot = Petrus Richardotus (ca. 1575–1628, Abt 1607–1628), 63. Abt
  • Petrus Fisch (1628–1657)[1], 64. Abt
  • Richard Paschasius (1657–1667)[2], 65. Abt
  • Philippe de la Neufforge (= Neuveforge, Neuforge) (8. Mai 1621–10. September 1684, 66. Abt 1667–1684)[3], 66. Abt
  • Willibrord Hotton (1684–1693)[4], 67. Abt
  • Benedikt Zender = Benoît Zender (1694–1717)[5], 68. Abt
  • Mathias Hartz (1717–1728), 69. Abt
  • Grégoire Schouppe = Gregorius Schouppe (1728–1751), 70. Abt
  • Michael Hormann (1751–1775), 71. Abt
  • Emmanuel Limpach (1775–1793), 72. Abt

Prachthandschrëften aus dem Iechternacher Skriptorium

änneren

Vun de Prachthandschrëften aus dem Skriptorium vun der Abtei, déi tësche ronn 1028 an 1060 entstane sinn, sinn der haut nach 11 erhalen:

  • Sakramentar Darmstadt, Universitäts- und Landesbibliothek Darmstadt, Hs. 1946, no 1028
  • Evangeliar Codex Aureus Epternacensis, och Codex Gothanus genannt, Germanisches Nationalmuseum Nürnberg, Hs. 156142, ëm 1030
  • Evangeliar fir Luxeil, Bibliothèque nationale de France, Paräis, Nouv. acq. 2196, ëm 1040
  • Perikopebuch vum Heinrich III., och Codex Bremensis, Staats- und Universitätsbibliothek Bremen, Ms. b. 2, tëscht 1039 an 1043
  • Iechternacher Evangelistar fir eng Stiefeskierch, Bibliothèque royale de Belgique, Bréissel, Ms. 9428 gläichzäiteg oder kuerz no deem vu Bremen entstanen
  • Epistolar an Evangelistar aus dem Tréierer Doum, Diözesanarchiv Tréier, Ms. 434, no deem vu Bremen an deem vu Bréissel entstanen
  • Codex Aureus Escorialensis, och Speyerer Evangeliar, Escorial Madrid, cod. Vitrinas 17, ëm 1045/46
  • Evangeliar Codex Caesareus Upsaliensis, och Codex Caesareus Goslariensis, Universitéitsbibliothek Uppsala, Cod. C. 93, tëscht 1051 an 1056
  • Evangeliar, British Library London, Ms. Harley 2821, no 1050 (?)
  • Evangeliar, Bibliothèque nationale Paris, Ms. lat. 10438, ëm 1060
  • Evangeliar, British Library London, Ms. Egerton 608, no 1060.[6]

Um Spaweck

änneren
Commons: Abtei Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 360
  2. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 634
  3. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297
  4. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 446
  5. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 835
  6. Gerhard Knoll: Geschichte des Evangelistars Heinrichs III. In: Ders. (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 27–33, hier S. 27–28.