Antonius Hovaeus

Abt vun der Abtei Iechternach

Den Antonius Hovaeus (Hoveus)[1], am Ufank vum 16. Joerhonnert[2] zu Egmond aan de Hoef[3] bei Alkmaar gebuer a gestuerwen de 6. September 1568 zu Iechternach[4], war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 59. Abt vun der Iechternacher Abtei (1562-1568).

Antonius Hovaeus
Gebuer 1506 jul.
Egmond aan den Hoef
Gestuerwen 6. September 1568 jul.
Iechternach

Abt zu Iechternach änneren

Den Antonius Hovaeus war Pater an der Benediktinerabtei vun Egmond (haut Sint-Adelbertabdij zu Egmond-Binnen). Wéi am Joer 1560 den Abt vun der Abtei, de Willem vander Goes, gestuerwen ass, sollt den Hovaeus deem seng Plaz iwwerhuelen. Dat goung awer net, well d'Abtei bei den nei gegrënnte Bistum Haarlem geschloe gouf. Souzesoen als Trouscht huet de Kinnek Philipp II. dunn den Hovaeus de 16. Dezember 1562 zum Abt vun der Abtei Iechternach ernannt, wou hien de verstuerwenen Abt Godefroi d'Apremont ersat huet.[5]

Auteur, Humanist a Géigner vun der Hexeverfollgung änneren

Den Hovaeus ass den Auteur vun historeschen a reliéise Schrëften.[6] Den Hovaeus ass an d'Geschicht agaange wéinst senger kritescher Haltung vis-à-vis vun den Hexeprozesser a besonnesch vun der Folter. Dat erkläert och, firwat hien dem hollänneschen Dokter Johannes Weyer (1515-1588) fir säi Buch „De praestigiis Daemonum“, eng vun den éischte Schrëfte géint d'Hexeprozesser, dat 1563 zu Basel erauskoum, am Juni vum selwechte Joer an engem Bréif, dee fir Opsins gesuergt huet, felicitéiert huet.[7]

Wierker änneren

  • Antonii Hovaei, Haecmundani, Abbatis Echternasensis electi, Zuermondius, vel de temporis nostri statu ac conditione dialogus, fortasse ob amabilem rerum varietatem non iniucundus. Leidae 1564. PDF
  • Censura quorundam doctorum piorumque uirorum de hoc opere explicata literis ad D. Ioannem Vuierum datis, quarum haec prima theologi cuiusdam eximii est et abbatis doctrina uirtute atque existimatione clarissimi : cuius nomen supprimere ob quorundam qui se theologorum nomine, titulo, pileoque exornant, morositatem, malui. In: De praestigiis daemonum, et incantationibus ac ueneficiis, libri V. recogniti & valde aucti / authore Ioanne Vviero Grauiano, illustrissimi ducis Cliuiae, Iuliae, etc. medico. Basileae: per Ioannem Oporinum, 1564, p. 555-558 (Text vum Bréif vum Hovaeus un de Weyer). Online
  • De arte amandi Deum, accessit Odarum, Hymnorum ac Precum liber. Coloniae 1566.
  • Historie van de Edele welgeborene heeren ende graven van Egmond, uyt de oude boeken bijeenvergaderd door heer Antonius Hoveus van Egmond, monnik in de selve Abdye, ende daerna Abt tot Epternach in den lande van Luxemburg, alwaer hij anno 1568 overleden is. Als oock de lijste en korte Historie van de oude Hollandsche graven, in't Latijn beschreven, door P. C. Bockenbergh van der Goude, nu eerst in't Nederduitsch vertaeld. Haarlem 1664 [posthum].

Literatur änneren

  • A. L., 1858. Nouvelle biographie générale, publiée par MM. Firmin Didot frères sous la direction de M. le Dr Hoefer. Tome vingt-cinquième: Holst. – Irwin. Paris, 960 colonnes. Online
  • Becker, Pilipp, 18. Jh. Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz. Verlag für Geschichte und Kultur, Trier, XIV-268 S. (Publikationen aus dem Stadtarchiv Trier, Bd. 6 / Echternacher Schriftquellen – Sources epternaciennes, vol. 4).
  • Bertels, Ioannes, 1638. Historia Luxemburgensis. Coloniae, 10 p. + 219 p. + Index rerum. Online
  • Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, tome 1: A - L.
  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [59 Abt. Anton Hovaeus, 1562-1568].
  • Bruinvis, Cornelis Willem, 1914. Hovaeus, Anthonius[sic]. In: P. C. Molhuysen & P. J. Blok (red.), Nieuw Nederlandsch biografisch woordenboek. Deel 3. A.W. Sijthoff, Leiden, S. 618-619. Online
  • Embach, Michael, 2021. Antonius Hovaeus: bedeutender Abt von Echternach, Humanist und Bekämpfer des Hexenwahns. In: Feliciter, Nr. 63 (November 2021), S. 3.
  • Franz, Gunther, 1995. Antonius Hovaeus, Abt von Echternach, ein früher Gegner der Hexenprozesse. In: G. Franz & F. Irsigler: Hexenglaube und Hexenprozesse im Raum Rhein-Mosel-Saar. Trier, S. 35-50.
  • Franz, Gunther, 1999. Bedeutende Echternacher Äbte des 16. und 17. Jahrhunderts : Hovaeus, Bertels, Richardot. In: Michele Camillo Ferrari et al. (Hrsg.), Die Abtei Echternach 698-1998. Echternach, S. 261-274 (Publications du CLUDEM ; t. 15). [Antonius Hovaeus (Anton van Hove, 1562-1568), S. 263-266].
  • Franz, Gunther, 2000. Prominente Gegner der Hexenprozesse in Luxemburg und Kurtrier. In: R. Voltmer & F. Irsigler (Hrsg.), Incubi Succubi: Hexen und ihre Henker bis heute. Publications scientifiques du Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg 4, S. 145-154.
  • Lessel, Karl, 1930. Ein Echternacher Abt als Gegner des Hexenwahns. Luxemburger Heimat-Kalender 1930, S. 68-78.
  • Rotermund, Heinrich Wilhelm, 1834. Hovaeus, Hoveus (Anton). In: Allgemeine Encyklopädie der Wissenschaft und Künste (Hrsg. J. G. Ersch & J. G. Gruber). Zweite Section, H–N, (Hg. A. G. Hoffmann), 1. Theil, Horn–Hultschin. F. A. Brockhaus, Leipzig, S. 225. Online
  • van der Aa, A. J., 1867. Biographisch woordenboek der Nederlanden. Deel 8. Tweede stuk. Haarlem, S. 1349-1351. Online access
  • van Slee, Jacob Cornelis, 1881. Hovaeus, Antonius. In: Allgemeine Deutsche Biographie 13, S. 213. Online.
  • Wilhelm, Frank, 1989. Si Echternach m'était conté... (15): Humaniste, poète, adversaire des procès de sorcellerie. Antoine Hovaeus, 59e abbé d'Echternach (1562-1568). Die Warte 1989-06-22, Nr. 19/1527, p. 4.

Referenzen änneren

  1. Och nach „Antonius van Hove“ bzw. „Antonius van den Hoef“ (van der Aa 1867, S. 1349) genannt, „Antoine Howée“ beim A. Calmet 1757 (Histoire de Lorraine. Tome VII. (Listes chronologiques, col. LXX), „Antoine van Hove“ an der Nouvelle biographie générale (A. L. 1858; col. 284).
  2. An der Literatur fënnt ee gewéinlech, den Hovaeus wier am Ufank vum 16. Jh. gebuer; et gëtt och Auteure, déi schreiwen, dat wier Enn 15. oder Ufank 16. Jh. gewiescht. An der Nouvelle biographie générale steet e preziist Joer, nämlech 1505 (A. L. 1858, col. 284).
  3. Fréier Egmond op den Hoef.
  4. Bertels 1638, S. 176; Becker, S. 115; Rotermund 1834, S. 225; Brimmeyr 1923, S. 63. — D'Nouvelle biographie générale gëtt den 8. Oktober 1568 un (A. L. 1858; col. 284); dat mengt och de J. C. van Slee (1881). Den A. J. van der Aa (1867) zitéiert een Auteur, no deem den Hovaeus de 6. September 1568 gestuerwe wier, an en aneren Auteur no deem dat den 8. Oktober 1568 gewiescht wier.
  5. Brimmeyr 1923, S. 62; Becker, S.112 s.
  6. Kuck: Blum 1981, S. 465; Wilhelm 1989; WorldCat®
  7. Lessel 1930, Franz 1995, Franz 1999, Franz 2000, Embach 2021.