Haaptmenü opmaachen

.

Schematesche Plang vun enger Abtei

Eng Abtei ass e chrëschtlecht Klouschter, also Gebailechkeeten an dem d'Membere vun engem reliéisen Uerde liewen, dat vun engem Abt oder enger Äbtissin geleet gëtt. Nëmmen e puer Uerde kënnen Abteien hunn: Benediktiner, Zisterzienser an Trappisten, Regularkanoniker (Premonstratenser, Chanoines Augustins); bei all deenen aneren Uerden (z. B. Franziskaner) schwätzt e just vu Klouschter. E Klouschter vun de genannten Uerde gëtt Abtei duerch d'Awëllegung vum Poopst, wa verschidde Konditiounen erfëllt sinn (der Reegel vum Hl. Benedikt no mussen z. B. 13 Persounen do liewen).

Wat d'Architektur vun enger Abtei ugeet solle (wa méiglech) verschidden Oploe respektéiert ginn. Sou sollen déi wichtegst Raimlechkeeten (d. h. d'Kierch, de Kapitelsall an de Refectoire) vum Kräizgank aus erreechbar sinn. Déi Plaze wéi Atelieren oder Ställ (um Schema "Wirtschaftsgebaier"), wou eventuell méi Kaméidi ass, sollen e bëssi méi wäit ewech sinn. D'Gebaier ronderëm de Kräizgank (ausser der Kierch) hu méi Stäck, do sinn dann ë. a. d'Bibliothéik an d'Zellen (Zëmmeren) vun de Bewunner.

Vill Kléischter (ouni Abtei ze sinn oder kënnen ze ginn) goufen nom selwechte Bauschema gebaut.

Eng Abtei zu Lëtzebuerg ass zum Beispill d'Benediktinerabtei Klierf. Zu de fréieren Abteien zielen ënner anerem d'Abtei Iechternach, d'Abtei Almënster an d'Abtei Neimënster.

LiteraturÄnneren

  • Georg Schwaiger (Hrsg.), Mönchtum, Orden, Klöster - Von den Anfängen bis zur Gegenwart - Ein Lexikon ; München (Verlag C.H. Beck; becksche Reihe 1554), 2003 (éischt Oplo, a gebonnener Form = 1993); 484 Säiten; ISBN 3-406-49483-8

Um SpaweckÄnneren

Commons: Abteien – Biller, Videoen oder Audiodateien