De Jean (Joannes) Gladt, c. 1555 an der Stad Lëtzebuerg gebuer[1] a gestuerwen den 8. Mäerz 1594 zu Iechternach, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 61. Abt vun der Iechternacher Abtei.[2]

Jean Gladt
Gebuer 1555 jul.
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Mäerz 1594
Iechternach

De Jean Gladt ass 1580 zu Wittlich zum Priister geweit ginn.[1] Nom Doud vum 1585 verstuerwenen Abt Martin Masius ass hien no laangem Hin an Hier de 14. November 1588 als Abt gewielt ginn. Am Protokoll vun der Wal figuréiert hien als Joannes de Luxemburgo (Jean vu Lëtzebuerg). Am Mee 1589 ass hie vum Poopst Sixtus V. confirméiert ginn.[1]

A senger Sitzung vum 21. September 2015 huet den Iechternacher Gemengerot siwe Stroossen an der Industriezon no Äbt vun der Abtei Iechternach genannt, dorënner och eng „rue Jean Glatz“[sic][3], déi un den Abt Gladt erënnere soll.[4]

Literatur änneren

  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [61. Abt: Joannes Gladt, 1586-1594].
  • Bertholet, Jean, 1742. Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny, tome 2. A. Chevalier, Luxembourg, 564-CX p. Online.
  • Bertels, Ioannes, 1638. Historia Luxemburgensis. Coloniae: Bütgen, 10 p. + 219 p. + Index rerum. PDF
  • Calmet, Augustin, 1757. Histoire de Lorraine. Nouvelle édition. Tome VII. Leseure, Nancy. PDF
  • Thiel, B. J., 1952. Dom Jean Glatz, abbé d'Echternach 1588-1594. T'Hémecht , Jg. 5, Heft 4, S. 68-78. BnL

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Thiel 1952.
  2. Brimmeyr 1923, S. 66; Calmet 1757, S. LXX.
  3. Den Numm Jean Glatz bzw. Jean Gladts fënnt een an engem Artikel vum J. B. Thiel (1952). — Beim Bertels (1638, S. 177) figuréiert hien als Ioannis Gladt a bei spéideren Auteuren als Joannes bzw. Jean Gladt (Brimmeyr 1923; Calmet 1757; Bertholet 1742: Preuves et pièces justificatives, S. XI).
  4. Aweiung vun den neie Stroossenimm an der Industriezone. Eechternoacher Gemäneblat 04/2016, S. 10-11.