Perikopebuch vum Heinrich III.

D' Perikopebuch vum Heinrich III., och Evangelistar vum Heinrich III., Iechternacher Perikopebuch, Iechternacher Evangelistar oder Codex Bremensis genannt, ass eng ottonesch Handschrëft a Form vun engem Perikopebuch (Evangelistar), dat op Commande vum Keeser Heinrich III. warscheinlech tëscht 1039 an 1043[1] am Klouschter Iechternach entstanenen ass. Si gehéiert zu den Haaptwierker vun der ottonescher Buchmolerei a gëtt hautesdaags an der Staats- und Universitätsbibliothek Bremen ënner der Signatur Ms. b. 21 versuergt.

De Kinnek Heinrich III. am Kréinungsornat mat Szepter a Räichsapel mat zwéin Äbt; vis-à-vis d'Maiestas Domini (fol. 3v/4r)
D'Keeserin Gisela bei der Entrée an d'Kierch (fol. 3r).

Provenienz änneren

Et ass net gewosst wou d'Handschrëft, vum Heinrich III. sengem Doud un, bis an d'16. Joerhonnert war. Beluecht sinn e gewësse Rabordus Meghes an de Schwäizer Bibliophil Melchior Goldast von Haiminsfeld, déi emol Proprietäre waren. Am Drëssegjärege Krich ass de Goldast mat senger Bibliothéik op Bremen geplënnert. 1646 huet de Bremer Rot d'Bibliothéik opkaaft. An der éischter Hallschecht vum 17. Joerhonnert war d'Handschrëft zu Bremen a Privatbesëtz. Zanter dem Ufank vum 18. Joerhonnert war s'an der Bibliotheca Bremensis, aus där sech déi haiteg Bremer Staats- und Universitätsbibliothek entwéckelt huet.

Beschreiwung änneren

De Kodex am Format 19,4 × 14,7 cm besteet aus 127 Pergamentblieder, déi op auf 16 Loe verdeelt sinn. E gouf bal ganz vun engem eenzege Schreiwer realiséiert.[2] Deelweis gëtt Goldschrëft benotzt, z. B. bei Kapiteliwwerschrëften, Initialen an Unzialen.[3]

Et gëtt 38 Miniaturen vun enger ganzer Säit, am Format 14,5 × 11 cm an dräizeng déi variabel Héichten tëscht 6 an 11 cm hunn. Ausserdem gëtt et 5 Initialziersäiten an 3 Textziersäiten op faarwegem Fong.[4] Op der fol. 124v ass d'Iechternacher Skriptorium gemoolt.

Als Pigmenter fir Schrëft a Biller goufen ë. a. Lulax, Folium, Minium, Cenobrium, Ogra, Safran, Membrana, Bläigiel, Terra viride, Viride Hispanicum a Succus geholl.[5]

Literatur änneren

  • Joachim M. Plotzek: Das Perikopenbuch Heinrichs III. in Bremen und seine Stellung innerhalb der Echternacher Buchmalerei. Dissertation, Köln 1970.
  • Gerhard Knoll (Hrsg.): Evangelistar Heinrichs III. Ms. b. 21 der Universitätsbibliothek Bremen. Faksimile- und Kommentarband, Reichert, Wiesbaden 1993. Faksimile: ISBN 978-3-88226-115-8. Kommentar: ISBN 978-3-88226-589-7.
  • Gerhard Knoll (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. Reichert, Wiesbaden 1995, ISBN 978-3-88226-837-9.
  • Gerhard Knoll: Wanderungen und Wandlungen – Zum Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. In: Bremisches Jahrbuch 78, 1999, S. 169–189 (Volltext).
  • Irene Stahl (Hrsg.): Katalog der mittelalterlichen Handschriften der Staats- und Universitätsbibliothek Bremen (= Die Handschriften der Staats- und Universitätsbibliothek Bremen. Bd. 1). Harrassowitz, Wiesbaden 2004, ISBN 978-3-447-04798-2, S. 111–116 (Volltext).

Um Spaweck änneren

Commons: Perikopenbuch Heinrichs III - Bremen Stadtbibl. cod.B.21 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gerhard Knoll: Geschichte des Evangelistars Heinrichs III. In: Ders. (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 27–33, hei S. 30–31.
  2. Gerhard Knoll: Beschreibung des Codex. In: Ders. (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 34–40, hei S. 34.
  3. Och do, S. 36.
  4. Vgl. Irene Stahl (Hrsg.): Katalog der mittelalterlichen Handschriften der Staats- und Universitätsbibliothek Bremen. S. 111–112; an: Elisabeth Dickmann: Die Beschreibung der Bilder im Evangelistar Heinrichs III. In: Gerhard Knoll (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 49–107.
  5. Gerhard Knoll: Mal- und Schreibmaterialien des Codex. In: Ders. (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 41–46.