Nicolas Vincent Légier

franséische Magistrat an Industriellen

Den Nicolas Vincent Légier, gebuer de 6. Dezember 1754 zu Provins an der Seine-et-Marne a gestuerwen den 3. Februar 1827 zu Bollendorf war e franséische Magistrat an Industriellen.

Nicolas Vincent Légier
Gebuer 6. Dezember 1754
Provins
Gestuerwen 1. Juli 1827
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker
Famill
Geschwëster Thomas-Philippe Légier

De Légier huet 1797 d'Weilerbacher Schmelz mam Schlass dobäi kaaft, déi dunn, 1827, vu sengem Ierwen, dem Peter Lefort, un de Charles Collart verkaaft goufen.

Vum 24. Abrëll 1797 bis de 26. Dezember 1799 war hie Vertrieder vum Département des Forêts am Conseil des Cinq-Cents.