Richard Paschasius

Benediktinerpater

De Richard Paschasius, gebuer c. 1602 zu Bœur (Biirz)[1] bei Houffalize am deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg[2] a gestuerwen de 14. Juni 1667 zu Tréier[3], war e lëtzebuergesche Benediktinerpater an de 65. Abt vun der Abtei Iechternach[4].

Richard Paschasius
Gebuer 1602
Biirz
Gestuerwen 14. Juni 1667
Tréier

Prior an der Abtei Iechternach änneren

No sengem humanistesche Studium zu Lëtzebuerg an dem Studium vun der Philosophie zu Tréier ass de Richard Paschasius am Alter vun 22 Joer[5] an d'Klouschter vun Iechternach agetrueden, wou hien am Joer 1625 op Maria Himmelfaart (15. August) d'Uerdenskleed huet dierfen undoen.[6] 1636, am zéngte Joer no senger Profess, ass hie Prior vun der Abtei ginn.[7]

Am Oktober 1649 gouf de Prior Paschasius vum franséische Maréchal Henri de La Ferté-Senneterre gefaange geholl an iwwer Sierk an Diddenuewen op Nanzeg verschleeft. No bal zwéi Joer Gefaangeschaft an nodeem en héicht Léisegeld bezuelt gi war, koum de Paschasius nees fräi.[8]

Abt an der Abtei Iechternach änneren

Nom Doud vum Abt Fisch am Mäerz 1657 gouf de 5. Abrëll 1657 iwwer deem seng Nofolleg ofgestëmmt. Bei der Wal gouf de Paschasius zweeten hanner dem Philippe de la Neuveforge. Neien Abt gouf awer de Paschasius, deen de 6. September 1657 seng Nominatioun krut.[9]

D'Famill änneren

Den Abt Paschasius hat zwéi Bridder, déi och Mënch waren: De Philipp Paschasius, Pater an der Abtei St. Eucharius-St. Matthias vun Tréier, do gestuerwen den 9. November 1676 am Alter vun 58 Joer,[10] an den Heinrich Paschasius, gebuer zu Bœur den 19. Mäerz 1610, Subprior vun 1644-1669 an der Benediktinerabtei St. Maximin vun Tréier, gestuerwen den 3. Oktober 1681 an der Stad Lëtzebuerg.[11]

Literatur änneren

  • Becker, Pilipp, 18. Jh. Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz. Verlag für Geschichte und Kultur, Trier 2021, XIV-268 S. (Publikationen aus dem Stadtarchiv Trier, Bd. 6 / Echternacher Schriftquellen – Sources epternaciennes, vol. 4).
  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [65. Abt: Richard Paschasius, 1657-1667, S. 85].
  • Probst, Ed., 1951. Elections abbatiales à St-Willibrord d'Echternach au temps de Louis XIV. Die Warte 1951-05-09, Nr. 19, S. 10-11. BnL
  • Thiel, B. J., 1951. L'Abbaye d'Echternach. Ses élections abbatiales au XVIIIe siècle. Hémecht 1951, S. 27-42. BnL
  • Thiel, B. J., 1952. Les armoiries de Dom Richard Paschasius, 64e abbé de l'Abbaye d'Echternach. Die Warte 1952, Nr. 8 (20. Februar), S. 3. BnL

Referenzen änneren

  1. Cf. Le patrimoine monumental de Belgique. Volume 17: Province du Luxembourg, Arrondissement de Bastogne, publié par Pierre Mardaga, Liège 1993, S. 147 (Bœur).
  2. Becker, S. 151s.; Thiel 1952.
  3. Thiel 1951, S. 30.
  4. Brimmeyr 1923, S. 85.
  5. Thiel 1952.
  6. Becker, S. 151.
  7. Becker, S. 151; Brimmeyr 1923, S. 85. — Laut Thiel (1952) wier de Paschasius eréischt 1637 Prior ginn.
  8. Becker, S. 140-143 a S. 152; Thiel 1952.
  9. Probst 1951; cf. Becker, S. 152.
  10. Germania sacra. Neue Folge 34. Erzbistum Trier, 8. Die Benediktiner Abtei St. Eucharius-St. Matthias vor Trier. Bearbeitet von Petrus Becker OSB. De Gruyter, Berlin 1996, S. 737. PDF.
  11. Germania sacra. Dritte Folge, 11. Die Bistümer der Kirchenprovinz Trier. Das Erzbistum Trier, 13. Die Benediktiner Abtei St. Maximin vor Trier. Bearbeitet von Bertram Resmini. De Gruyter, Berlin/Boston 2016, S. 1182-1183. PDF