Jean-Henri Dondelinger

Industriellen a Politiker

De Jean-Henri Dondelinger, gedeeft de 24. Abrëll 1755[1] zu Keel, gestuerwen den 23. Oktober 1816 zu Iechternach war en Industriellen a Lokalpolitiker.

Jean-Henri Dondelinger
Gebuer 1753
Gestuerwen 23. Oktober 1816
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Jean-Henri Dondelinger jun.

De Jean-Henri Dondelinger, deen am Déngscht vun der Abtei Iechternach stoung, war den 29. November 1781 vum Abt Emmanuel Limpach Schäffe vum Haff Ettelbréck genannt ginn, eng Funktioun, déi hie bis 1794 erfëllt huet. De J.H. Dondelinger huet am schéinen neien Haus, dat säi Schwéierpapp, de Laurent Joseph Havelange (*1726), dee virun him, vu 1764 bis 1778, Schäffe vun der Abtei Iechternach zu Ettelbréck war, 1783 gebaut hat, gewunnt, an hien huet doran eng Auberge bedriwwen.

An de Revolutiounsjoren ass de J.H. Dondelinger räich ginn, wat him erlaabt huet, ë. a. de gréissten Deel vum Iechternacher Abteigebai (mat der Abteikierch) ze kafen. Hien huet do eng Faiencerie installéiert, am Ufank an engem Niewegebai, duerno an der Kierch.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faïencerie Dondelinger.

An den éischte Jore war nach eng Pabeierfabréck mat der Faiencerie verbonnen.

Vum 23. November 1813[2] bis de 14. August 1814 war de J.H. Dondelinger Buergermeeschter vun Iechternach.[3]

Säi Jong Jean-Henri Dondelinger jun. war och Buergermeeschter vun Iechternach.

Quellen änneren

  • Flies, J., 1970. ‘’Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 530ss., S. 1041.
  • Staud, R.M. & J. Reuter. 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, S. 65ss.

Referenzen änneren

  1. Diözesanarchiv Luxemburg, Bestand: P.A. Matrikelbücher. Pfarrei: Kayl. Nummer: Kb 02. Joannes Henricus Dondlinger, 1755 Nr. 7, 24 Aprilis (Taufe).
  2. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.