Benedikt Zender

lëtzebuergeschen Benediktinerpater

De Benedikt (Benoît) Zender[1], gebuer den 18. November 1653 zu Kröv[2] a gestuerwen de 7. Januar 1717[3] zu Iechternach war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 68. Abt vun der Iechternacher Abtei.

Benedikt Zender
Gebuer 18. November 1653
Kröv
Gestuerwen 7. Januar 1717
Iechternach

De Benedikt Zender ass 1678 am Alter vu 25 Joer an de Benediktineruerden agetrueden[4]. Seng Profess war 1679 a seng Priisterwei 1682.[5].

Nom Doud vum Abt Willibrord Hotton am Abrëll 1693 ass den Zender, dee bis dato Kellermeeschter war[6], zum Abt gewielt ginn. Laut deenen engen Auteure war déi Wal de 4. August 1693[7], laut aneren de 4. August 1694[8]. De 26. August 1696 ass den Zender zum Abt geweit ginn.[6],

A senger Sitzung vum 21. September 2015 huet den Iechternacher Gemengerot siwe Stroossen an der Industriezon no Äbt vun der Abtei Iechternach genannt, dorënner och eng "rue Benedikt Zender".[9]

Literatur änneren

  • Becker, Pilipp, 18. Jh. Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz. Verlag für Geschichte und Kultur, Trier, XIV-268 S. (Publikationen aus dem Stadtarchiv Trier, Bd. 6 / Echternacher Schriftquellen – Sources epternaciennes, vol. 4).
  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [68. Abt: Benedikt Zender, 1693-1717].
  • Calmet, Augustin, 1757. Histoire de Lorraine. Nouvelle édition. Tome VII. Leseure, Nancy. Online
  • Eringer, Placidus, 2009. Ephemeriden des Placidus Eringer. Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Archives nationales (éd.), Luxembourg, 240 S.
  • Jeck, Marc, 2017. Ein Abt, (k)ein Bischofsstuhl und eine "Welschnonne". Vor 300 Jahren starb der aus Kinheim stammende Benedikt Zender in Echternach. In: Feliciter, Nr. 55 (November 2017), S. 1.
  • Oehms, Karl, 2010. Benediktiner der kaiserlichen Abtei Echternach in Kröv nach Angaben aus dem Familienbuch Kröv. Familienkundliche Blätter, Heft 23, Dez. 2010, S. 5-12 (Westdeutsche Gesellschaft für Familienkunde e. V., Köln, Bezirksgruppe Trier). PDF
  • Probst, Edouard, 1949. La ville et l'abbaye d'Echternach sous la domination de Louis XIV (1680-1697). Luxemburger Wort 1949-05-28, S. 7. BnL
  • Probst, Edouard, 1951. Elections abbatiales à St-Willibrord d'Echternach au temps de Louis XIV. Die Warte 1951-05-09, Nr. 19, S. 10-11. BnL.
  • Sprunck, Alphonse, 1935. L'abbé Benoît Zender d'Echternach. Ons Hémecht, 41. Jg., Heft 4, S. 257-263. BnL
  • Sprunck, Alphonse, 1956. L'abbé epternacie Benoît Zender, 1653-1717. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 7, p. 21-38. BnL
  • Thiel, Jacques, 1951. L'Abbaye d'Echternach: ses élections abbatiales au XVIIIe siècle. T'Hémecht 1951, Heft 4, S. 27-42. BnL

Referenzen änneren

  1. "Benedikt" ass dem Zender säi Virnumm als Pater. Säin "zivile" Virnumm war: "Adam"; seng Eltere waren de Johannes Zender an d'Maria Beckers (Becker, S. 176). — Kuriositéitshalwer ass z'erwänen, datt den Edouard Probst den Zender eemol "Dominique" (Probst 1949) an eng aner Kéier "Mathias" awer och "Benoît" (Probst 1951) nennt.
  2. Becker, S. 176; Sprunck 1956, S. 22. — Oehms (2010) a Jeck (2017) schreiwen, den Zender wier 1650 zu Kinheim (bei Kröv) gebuer.
  3. Calmet 1757, Listes chronologiques, col. LXXI-LXXII; Becker, S. 176; Eringer 2009, S. 18 a S. 213; Oehms 2010, S. 8. — Stierfdatum laut Brimmeyr 1923, S. 94: 5. Januar 1717; laut Sprunck 1956, S. 36: "la veille de l'Epiphanie de l'an 1717" (= 5. Januar 1717).
  4. Becker, S. 176; Sprunck 1956, S. 22.
  5. Becker, S. 176; Oehms 2010, S. 8.
  6. 6,0 6,1 Becker, S. 176.
  7. Eringer 2009, S. 18; Brimmeyr 1921, S. 91; Sprunck 1935, S. 257.
  8. Probst 1951; Thiel 1951, S. 37. — De Becker, S. 176, de Bertholet 1742, S. XI, an de Calmet 1757, Listes chronologiques, col. LXXI-LXXII gi just d'Joer 1694 un, ouni de genauen Datum ze preziséieren.
  9. Aweiung vun den neie Stroossenimm an der Industriezone. Eechternoacher Gemäneblat 04/2016, S. 10-11.