Eng Aaxt ass e Geschier dat zënter Joerdausende benotzt gëtt fir Holz ze schloen, ze splécken an ze formen. Se gëtt och als Waff benotzt a kënnt als Symbol bei Zeremonien an op Wope vir. Eng Aaxt gëtt et a ville verschiddene Formen, jee no Zäitalter, Regioun a Funktioun. Haut huet s'am Allgemengen e Still, deen een als Grëff an den zwou Hänn hält, an e Kapp aus Metall mat enger ausgezunnener schaarfer Schneid.

Zwou aragonesesch Aaxten

Déi éischt Aaxten an der Steenzäit waren aus Steen an haten nach kee Still. Eréischt méi spéit ass de Steen, deen als Aaxt benotzt gouf, op e Stéck Holz gestréckt gi fir besser kënnen domat ze schloen. Progressiv huet sech och d'Material geännert a fir de Kapp ass Koffer, Bronz, Eisen a Stol benotzt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aaxten – Biller, Videoen oder Audiodateien