Millebaach (Kënzeg)

lëtzebuergesch Baach
(Virugeleet vu(n) Falterbaach)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach: enger Niewebaach vun der Äisch zu Kënzeg. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.

D'Millebaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Sektioun Kënzeg vun der Gemeng Käerjeng.

D'Millebaach zu Kënzeg am Pad
Dall vun der Millebaach am ieweschte Laf, hannen am Bild Féngeg

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen op enger Héicht vun 340 Meter an enger Griecht südlech vu Féngeg tëscht dem Wolkeschbierg an dem Michelbierg. Déi eng dovu kënnt vun Nordosten aus de Mouerwisen an déi aner vun Oste vum Boufferdanger Muer hier.

Vun do un leeft d'Baach no Westen, a si heescht an hirem ieweschte Laf Falterbaach. Op deenen éischten 1.200 Meter leeft se laanscht déi fréier Atertlinn, fir da bei den éischten Haiser vu Kënzeg op der Héicht vum fréiere Wäschbuer an de Fusselächer, deem säi Waasser se do bäikritt, ënner der Atertlinn erduerch ze lafen. Eng zwanzeg Meter nodeem se ënner dem Wee dee laanscht d'Bunnheck leeft, erduerch ass, leeft se a Réier ënner dem Foussballsterrain weider. Do kritt se ënner dem Buedem nach d'Kätschebaach dobäi déi aus der Burewiss kënnt, an déi hir Quell am fréiere Wäschbuer an der Rue de la Fontaine huet.

Soubal se aus hirer Kanalisatioun eraus ass leeft se ënner dem CR101 erduerch. Do ass op enger Streck vu ronn 200 Meter hiert Bett ausbëtonnéiert. Déi Bëtongsaarbechte goufen an den 1960er Jore gemaach, wéi e Kollekter gebaut gouf, an deen zum gréissten Deel ënner dem Bett vun der Baach, bis bei d'Kläranlag op der Schock leeft.

Op der Héicht vun der Kläranlag, beim Bëschelche mam Numm Flassbrichheck kënnt da vu riets d'Këschel dragelaf. Da leeft se weider ënner dem CR110 erduerch laanscht d'Schockmillen, an nodeem vu lénks d'Méinschbaach, déi vun de Koppe bei Séilen kënnt, dragelaf ass, a kuerz duerno d'Wëlleschbaach déi vu Féngeg kënnt, leeft si selwer op enger Héicht vun 318 Meter an d'Äisch. Si ass ronn 4 km laang.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Millebaach (Kënzeg) – Biller, Videoen oder Audiodateien