Gossemaark

Maark op der belsch-lëtzebuergescher a belsch-hollännescher Grenz

D'Gossemaarke si Maarken op der belsch-lëtzebuergescher a belsch-hollännescher Grenz.

Gossemaark (LB 164) zu Maartel (2007).
Koordinaten: 49° 49’ 15’’ N 05° 44’ 36’’ O
Restauréiert Maark (LB 101) an der Gäichel (2020).
Koordinaten: 49° 41’ 39.9’’ N 05° 52’ 2.5’’ O
Ausschreiwung fir d'Liwweren an d'Opstelle vun de Maarken (1843)

Dës Maarke sinn ongeféier 1,6 Meter héich, se hunn eng aachteckeg Basis am Buedem, si konesch, lafen no uewe méi oder wéineger spatz aus, an uewendrop steet eng Bëmmelchen déi och no uewe spatz ass. Se weie ronn 400 kg.

Op de Maarke sinn d'Wope vu Lëtzebuerg a vun der Belsch, respektiv déi vun Holland an der Belsch, an d'Maarke stinn sou datt de Wopen zum Land weist wou en higehéiert.

Op der belsch-lëtzebuergescher Grenz gëtt d'Positioun vun de Maarken an engem Arrêté vum Regierungsrot vum 23. Januar 1844 festgehalen[1]. D'Maarke sinn nummeréiert vun LB001 am Dräilännereck bei Rodange bis LB286 op der Schmëdd am Norde vun Huldang. Kuriéiserweis gëtt et d'Maark LB001 zweemol. Déi eng steet op Lëtzebuerger Buedem an déi zweet op belschem Buedem, ongeféier 20 Meter vuneneen an duerch d'Kuer getrennt[2].

D'Maarke waren ursprénglech net ugestrach, mä schwaarz. Eng Rëtsch vun hinne ginn awer op privater Basis restauréiert an ugestrach. Sou huet de pensionéierte belsche Banquier Philippe Maldague schonn iwwer honnert Maarken dekoréiert andeems hien d'Nummer vun der Maark, d'Wopen an d'Bëmmelche faarweg usträicht[3]. Aner Maarke goufen z. B. vum Fierschter vu Kënzeg an Zesummenaarbecht mat Studenten an d'Rei gesat.

Vun der Schmëdd un, bis erof an den Dräilännereck bei Léiler, sinn d'Maarken am Hasteen a vu 75 bis 52 nummeréiert. Op der topographescher Kaart huet d'Maark N° 75 den Numm LB 75, an déi aner si mat LBN agedroen.

Datt déi Grenzmaarken am Hastee sinn, kënnt dohier, well do virun 1918 eng Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, bestanen huet.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Jos Goergen, 2008. Bornes frontières entre la Belgique et le Grand-Duché de Luxembourg. ISBN 978-2-87996-650-2
  • Romain Gaspar, 2009. 'Grenzsteng' een Abenteuer vum 1. an 2. Schouljoer aus dem 'Fräschepillchen' vun Ell. 2. Editioun. (Broschür mat Texter a ville Biller vun de Gossemaarken a Grenzsteng an der Gemeng Ell.).

Um Spaweck änneren

Commons: Gossemaarken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Gossemaarken tëscht Lëtzebuerg an der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien


     
D'Gossemaark LB 284
op Gässert bei Huldang

50° 10’ 33.13’’ N 06° 00’ 00.31’’ O
D'Gossemaark LB 078
beim Schliekebësch
zu Klengbetten
49° 39’ 17.08’’ N 05° 54’ 19.36’’ O
D'Gossemaark N°72 B/H
tëscht Vroenhoven a Kanne

50° 49’ 06.76’’ N 05° 39’ 32.34’’ O

Referenzen an Notten änneren

  1. Procès-verbal descriptif, de la délimitation entre le Grand-Duché de Luxembourg et le royaume de Belgique am Arrêté du Gouvernement en Conseil du 23 janvier 1844 concernant la délimitation du Grand-Duché et de la Belgique. (Convention de limites conclue à Maestricht le 7 août 1843). legilux.public.lu (23.01.1844). Gekuckt de(n) 22.11.2020.
  2. Article premier, §1 vum Procès-verbal descriptif
  3. Geheimnisvoll Grenz, Pisa Challenge 2. Deel, ongeféier bei Minutt 10:00 (kuckt um Spaweck)