Schleef (Wanseler)
D'Schleef ass e Lieu-dit an der Gemeng Wanseler, op der Grenz mat der Gemeng Wëntger.
Schleef | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Schleif de: Schleif |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Wanseler |
Buergermeeschter | Romain Schroeder |
Awunner | 10[1] |
2020 | |
Héicht | 364,8 m |
Koordinaten |
49° 59’ 23’’ N 05° 51’ 22’’ O |
An der Schleef gëtt et e Café-Restaurant an niewendrun d'Ateliere vun der Gemeng. Um haitege Vëloswee leien d'Produktiounshal vun der Kooperativ Téi vum Séi an eng Beienziichterei.
Geographie
ännerenD'Schleef läit op enger Héicht vun 365 m, um CR309 tëscht Donkels an Déierbech am Dall vun der Wolz.
Ursprong vum Numm
ännerenDen Numm Schleef kënnt vum mëttelhoudäitschen „slîfe“, dat esouvill wéi Schläifmillen heescht[2].
Geschicht
ännerenZweemol an der Geschicht hat d'Schleef eng gewësse Bedeitung kritt. Déi éischt Kéier, beim Bau vun der Eisebunnslinn tëscht Wolz an der belscher Grenz an déi aner Kéier an der Ardennenoffensiv.
D'Liewen an der Schleef huet sech scho wärend dem Bau vun der Eisebunnsstreck g'ännert, well Baumaterial do stockéiert gouf a well an der Schleef ugefaange gouf fir den Tunnel a Richtung Benonchamps ze gruewen.
Nodeems d'Streck den 1. Juli 1888 opgaange war, war séier kloer, datt se wirtschaftlech gënschteg Auswierkung fir d'Schleef hätt. Déi éischt Spuere vun engem Café an der Schleef ginn och op d'Zäit ëm 1888 zeréck. Sengerzäit war de Wiert e gewësse Pierre Stoffel-Pauly vu Grëmmelescht. De Café ass méi spéit vum Constant Bache vu Donkels iwwerholl ginn, nodeems dee 1919 sech mam Stoffel senger Niess, der Lucie Boever bestuet hat.
Et gouf och driwwer diskutéiert fir an der Gare vun der Schleef en Telegraphebüro opzemaachen, grad wéi fir Postverbindunge bis op Rammerech.
Fir eng besser Ubannung un d'Eisebunn ze garantéieren, goufen d'Stroosse Schleef – Donkels a Schleef – Grëmmelescht gebaut. Do dernieft ass nach eng Marchandisen-Hal an der Schleef gebaut ginn, déi awer net laang a Betrib blouf.
Den 30. August 1944 gouf d'Streck vu belschen a lëtzebuergesche Resistenzler blockéiert an ass doropshi bis den 21. Januar 1946 zou bliwwen[3].
1954 gouf an der Schleef d'Faarwefabrick Embecolor vun de Bridder André an Henri Mousel zesumme mat der Marie-Louise Bache an dem Norbert Bache gegrënnt. An der fréierer Produktiounshal ass hautdesdaags de Gemengenatelier vun der Wanseler Gemeng installéiert.
De leschten Zuch op der Streck Wolz-Schëmpech ass den 23. September 1967 gefuer. Hautzedaags leeft d'Vëlospist vun der Wolz iwwer déi fréier Zuchstreck.
Biller
änneren-
D'Gebai vun der fréierer Gare.
-
Déi fréier Schleefmillen op der Wolz, südëstlech vun der Schleef, virun der Renovatioun.
-
De Vëloswee a Richtung Wanseler.
-
De Café-Restaurant…
-
d'Kooperativ Téi vum Séi…
-
an eng Beienziichterei.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Schleef (Wanseler) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Statistiques démographiques. winseler.lu (2020-10-19). Gekuckt de(n) 2021-06-27.
- ↑ Schleif. winseler.lu (2020-10-19). Gekuckt de(n) 2021-06-27.
- ↑ Quell: Informatiounspanneau an der Schleef