Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bärel ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

Bärel
Kierch vu Bärel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Berlé
de: Berl
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 123
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 491 m
Koordinaten 49° 57’ 08’’ N
      05° 51’ 23’’ O

Geographie änneren

Bärel läit op engem Héichplateau westlech vun der Nationalstrooss N15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach.

Geschicht änneren

Bärel gouf am Dezember 1944 an am Januar 1945 wärend der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich bal ganz zerstéiert. Wat zu där Zäit am Duerf geschitt ass a wéi et dozou koum, datt déi ganz Duerfgemeinschaft huet hir Uertschaft misse verloossen, huet de lëtzebuergeschen Auteur Albert Gricius an enger Erzielung festgehalen.[1]

Fir un déi schwéier Zäit z'erënneren, gouf bei der Kierch e Monument Duerf an der Front an der Kierchegaass opgeriicht. Donieft steet e Schiferblock mat enger Erënnerungsplack un déi 90. US Infantriedivisioun. Als Erënnerung un den Duerchmarsch vun den amerikaneschen Truppen op hirem Wee fir op Baaschtnech gouf op enger Kräizung am Duerf e Kilometersteen vun der Voie de la Liberté opgeriicht.

Literatur änneren

  • Gricius, Albert, 1991: Dorf in der Front. Bilder vom Untergang eines Öslinger Dorfes. É. Borschette, Christnach. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 115 S., 4. Oplo, ISBN 2-87982-019-7 [Originaleditioun: 1945]

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Berlé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. Gricius 1991 an der Literatur.