Zëtteg

Uertschaft an der Gemeng Bech

Zëtteg ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech.

Zëtteg
Zëtteg (Summer 2016).
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Zittig
de: Zittig
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bech
Buergermeeschter Jill Goeres
Awunner 84
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 44’ 41’’ N
      06° 20’ 38’’ O

Geschicht

änneren

Wéi d'Bridder Regimbert an Erwin am Joer 817 hir Ierfschaft dem Klouschter Iechternach vermaacht hunn, goung eng éischt Kéier an enger iwwerliwwerter Quell rieds vun Zuttinge. Am 14. Joerhonnert housch d'Uertschaft Zuttingen. Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 ass se als Zetting agedroen.[1]

Kuckeswäertes

änneren

E Wunnhaus op Nr. 5 an der Duerfstrooss, zum Deel am Renaissance-Stil gebaut, ass zanter 2007 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.

Galerie

änneren

Literatur

änneren
  • Evy Friedrich: "Zittig". In: Revue. Letzeburger Illustre'ert Nr.4, 1972, S.26-29.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Zëtteg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.165.