D'Zëtteger Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Bech, deen aus e puer Gebaier besteet, déi zu engem landwirtschaflteche Betrib gehéieren.

Zëtteger Millen
D'Zëtteger Millen am Februar 2017
An anere Sproochen fr: Zittig-Moulin
de: Zittiger Mühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bech
Buergermeeschter Jill Goeres
Koordinaten 49° 44’ 11.7’’ N
      06° 20’ 34.8’’ O

D'Zëtteger Mille läit um Zesummefloss vun zwou Baachen, der Laangbaach, déi tëscht Grolënster a Rippeg entspréngt, an der Trenk, déi aus nërdlecher Richtung laanscht Zëtteg hierkënnt .

D'Zëtteger Mille läit nieft dem CR136 tëscht Hemstel a Bruch op enger Héicht vun 265 Meter.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zëtteger Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien