Geieschhaff (Bech)
De Geieschhaff ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech.
Geieschhaff | |
---|---|
![]() D'Haaptstrooss um Geieschhaff | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Geyershof de: Geyershof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Camille Kohn |
Awunner | 39[1] |
31.12.2020 | |
Koordinaten |
49° 45’ 55.19’’ N 06° 23’ 12.16’’ O |
Postcode | 6251 |

GeographieÄnneren
De Geieschhaff läit zirka 2,5 km nordëstlech vu Bech op enger Héicht vun 339 m. D'Uertschaft läit op engem Gemengewee deen d'Verbindung vun der N11 beim Méchelshaff op den CR138 westlech vun Hierber mécht.
Südëstlech vun der Uertschaft läit d'Naturschutzgebitt Geyershaff-Geyersknapp.
HydrographieÄnneren
Eng ronn 400 Meter nordëstlech vum Geieschhaff huet d'Azebaach hir Quell.
GeschichtÄnneren
Eng éischt Kéier gouf den Haff 1353 ënner sengem alen Numm Konsbrück an engem Dokument ernimmt.[2] Am Kadaster vun 1819 steet d'Uertschaft ënner dem Numm Geieshoff, deemools gouf et 4 Haiser. Ronderëm sinn e Grappvoll Haiser, meeschtens Bauerenhäff, aus dem spéiden 19. Joerhonnert, an e puer nei Wunnhaiser aus dem spéiden 20. Joerhonnert bäikomm.[3]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Geyershof – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Bech en chiffres. bech.lu (2020-12-31). Gekuckt de(n) 2021-09-27.
- ↑ Josy Heintz: "Bech im Wandel der Zeiten." in: Lëtzebuerger Sonndesblat 15/1982, S.3.
- ↑ Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.139-140.