Den Tumulus op der Schanz ass e Grafhiwwel (Tumulus) vun engem keltesche Chef oder Prënz aus der Fréilatène-Zäit (ëm 430 v. Chr.), deen un der Limitt vun der Uertschaft Altréier (Schanz), um Flouer Néngtgendeel läit.

Den Tumulus op der Schanz.

En huet en Duerchmiesser vu ronn 50 m an eng Héicht vu 5 m.

Bei enger archeologescher Noutgruewung 1972 goufen ë. a. eng etruskesch Urn aus Bronze, e sougenannte Stamnos, fonnt, mat verkuelte Schanke vun engem eelere Mann dran, weiderhin eng opwänneg dekoréiert Fibel, e gëllene Brasseli an e 75 cm laangt Schwäert. Mat Hëllef vun enger dendrochronologescher Analys vun engem Stéck Eechenholz ënner der Urn konnt den Urspronk vum Tumulus op ongeféier 430 v. Chr. festgeluecht ginn. Dësen Datum gouf allerdéngs e puermol reviséiert soudatt näischt Geneeës gewosst ass [1]

De 24. Oktober 2017 gouf d'Plaz vum Tumulus op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséiere Monumenter agedroen.[2]

Quell änneren

  • Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.138.
  • Informatiounstafel beim Tumulus.

Literatur änneren

  • Gérard Thill: Frühlatènezeitlicher Fürstengrabhügel bei Altrier; in: Hémecht 1972/4, 478-498.
  • Gérard Thill: La tombe d'Altier; in: Trésors des princes celtes: [exposition aux] Galeries nationales du Grand Palais 20 octobre 1987 - 15 février 1988. Éd. de la Réunion des musées nationaux, Paris 1987, S. 251-254.
  • Alain Duval: Le tumulus de la Motte Saint-Valentin, à Courcelles-en-Montagne; in: Trésors des princes celtes: expositon aux Galeries nationales du Grand Palais 20 octobre 1987 - 15 février 1988. Éd. de la Réunion des musées nationaux, Paris 1987; Ss. 247-250. An deem Artikel gëtt e Verglach mam Tumulus op der Schanz bei Altréier gemaach. Den Artikel gëtt vum Stéphane Verger als "Duval 1987" zitéiert.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 24-25.

Um Spaweck änneren

Commons: Tumulus op der Schanz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Duval 1987: En effet les fragments de bois recueillis près de l'urne d'Altrier ont donné lieu à plusieurs dates endrochronologiques qui ont servi de point de référence pour la chronologie de La Tène A. Le premier résultat obtenu a été révisé à plusieurs reprises. On considère aujourd'hui que les échantillons examinés ne permettent pas d'obtenir une date certaine et ne doivent donc pas être pris en compte zitéiert op der Säit 346 vum Artikel vum Stéphane Verger: De Vix à Weiskirchen. La transformation des rites funéraires aristocratiques en Gaule du Nord et de l'Est au Ve siècle avant J.-C. In: Mélanges de l'Ecole française de Rome. Antiquité T. 107, N° 1. 1995. pp. 335-458.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).