Ernest Walerius

lëtzebuergesche Lokalpolitiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ernest Walerius, gebuer de 15. Dezember 1947 a gestuerwen de 16. September 2023[1] war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Ernest Walerius
Gebuer 15. Dezember 1947
Gestuerwen 16. September 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Buergermeeschter

Hie war vum 1. Januar 2000 bis den 11. November 2005 Conseiller an der Gemeng Bäerdref an duerno, vum 14. November 2005 bis de 7. November 2017 Buergermeeschter vun där Gemeng. Vun 2012 bis 2018 war hie Vizepresident vum SYVICOL.

A senger Zäit als Buergermeeschter goufe vill Projeten ëmgesat, sou z. B. d'Vergréisserung vun der Märei, de Bau vum Aquatower an d'Entwécklung vum Centre Maartbësch ma sengen Tourismus- a Schoulinfrastrukturen[2].

Den Ern Walerius war do dernieft Grënnungsmember a President (2011-2022) vum „CIGR“ Mëllerdall an och a verschiddene lokalen oder regionale Veräiner aktiv (dorënner z. B. an der Arantia Berdorf, am LEADER Mëllerdall oder an der Regional Initiativ Mëllerdall (RIM).

Referenzen an Notten änneren

  1. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 20. September 2023
  2. (de)Touristische Infrastrukturen im „Centre Maartbësch“ eingeweiht. mywort.lu (2010-07-27). Gekuckt de(n) 2023-09-20.