Douschterterhaff

Bauerenhaff an der Gemeng Bäerdref
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Douschterterhaff[2], och nach Dousterterhaff[3], Dosterthaff[4] oder Dosterterhaff[5], ass e Bauerenhaff an der Gemeng Bäerdref.

Douschterterhaff, Dousterterhaff
An anere Sproochen fr: Ferme Dostert
de: Dosterthof[1]
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Koordinaten 49° 47’ 59’’ N
      06° 19’ 35’’ O

Den Haff läit eleng an der Gewan, op enger Héicht vun 343,95 Meter, ronn 2 Kilometer westlech vu Kalkesbaach an ee Kilometer nordwestlech vum Ousterholz.

Den Numm vum Haff änneren

A engem Artikel[6] gesäit de Marc Trossen den Dosterthaff / Dosterterhaff als Ausgangspunkt vum Familljennumm „Dostert”. De Peter Gilles widderleet déi Thees awer a seet eng Verbindung vum Numm vum Haff mam Familljennumm Dostert wär opgrond vum ongläichen Tounvokal net méiglech[7].

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den 19. Oktober 1843 gouf d'Catherine Pier um Douschterterhaff gebuer. Si war méi spéit, ëm 1915 - 1917, eng dreiwend Kraaft bei der Grënnung vum Konsdrëffer Klouschter an huet mat grousse finanzielle Mëttelen de Bau vum Klouschter ënnerstëtzt. Si ass den 28. Februar 1925 am Zithaklouschter an der Stad gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Douschterterhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Johann Friedrich Kratzsch, Neuestes und gründlichste alphabetisches Lexicon der sämtlichen Ortschaften der deutschen Bundesstaaten, S. 308, Verlag Eduard Zimmermann, 1845
  2. Gemeng Konsdref, 100 Joer Zithaschwësteren zu Consdorf, Gemengebuet 01/2018, S. 28
  3. sou steet et um Schëld beim Haff
  4. op der topographescher Kaart
  5. Stroosseschëld um CR137
  6. Trossen, Marc. (1988). Die Luxemburger Familiennamen in der Gemeinde Schüttringen. 1908-1988 - 80 Ans Harmonie De La Commune De Schuttrange: Harmonie de la commune P. 98-192, ill., S. 122
  7. Gilles, Peter, Kollmann, Cristian, Muller, Claire, Kollmann, Christian, Flores Flores, Walter Amaru, & Weimann, Britta. (2016). Luxemburger Familiennamenbuch. Berlin: De Gruyter, S. 80