Den Institut Heliar an der Weilerbaach, am Hank vum Bësch Fënnefter, war e Sanatorium, dee vum Nicolas Neuens gegrënnt gouf an 1910 seng Dieren opgemaach huet.

Institut Heliar
Den Institut Heliar (uewen), kuerz nodeem en opgoung (Foto: J. M. Bellwald.}}
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Plaz Weilerbaach

Do goufen d'Patienten nom Neuens senger Method vum integralen Naturismus behandelt.[1] Dës Kuer huet aus gesonder Ernierung, Openthalt an der frëscher Loft, Sonnebieder an duusse Waasserapplikatioune bestanen.

Geschicht änneren

Wéi den Neuens 1925 gestuerwen ass, gouf hien uewen am Park vum Sanatorium begruewen.[2] Hien huet en testamentaresch dem Bistum vermaach. 1929 gouf d'Gebai vergréissert, fir bis zu 60 Patiente Plaz ze bidden, an 1933-34 nach eng Kéier, fir bis zu 100 Leit ënnerzebréngen. Et koum och eng nei Kapell bäi, mat Fënstere vum Kölner Glasmoler Anton Wendling.

Wärend dem Zweete Weltkrich hunn déi däitsch Okkupanten do fir d'éischt e Militärlazarett, an dono en Erhuelungsheem fir Membere vun der Marinn installéiert. Wärend der Ardennenoffensiv, am Dezember 1944, gouf d'Gebai schwéier duerch Granate beschiedegt.

1946 gouf et nees opgebaut a reparéiert, sou datt dat Joer drop nees Kueriste konnten empfaange ginn. Vun 1924 bis 1992 gouf et vun Elisabetherinnen ënnerhalen.

Dono stoung et e puer Joer eidel, iwwerdeems Pläng gemaach goufen, wéi et moderniséiert an den haitegen Uspréch entspriechend ëmgebaut kéint ginn.

1999 huet den OLAI d'Gestioun iwwerholl, fir Leit do ënnerzebréngen, déi Asyl ugefrot hunn. Bis zu 220 Leit kënnen ewell do wunnen. Zum Heem gehéiert och eng eege Schoul an eng Kichen, Gemeinschaftsraim, Sportsterrainen an eng Wäschkichen.

De Yann Tonnar huet do säin Dokumentarfilm Weilerbach gedréint.

Enn 2017 gouf de Centre Héliar zougemaach, fir renovéiert ze ginn. D'Aarbechte sollte bis 2020 daueren[3],[4], den Institut ass no de Renovatiounsaarbechten awer eréischt den 19. Oktober 2022 nees ageweit ginn[5].

Referenzen an Notten änneren

  1. Den Naturismus am Neuens an anere Naturheeler aus dem 19. Joerhonnert hirem Sënn, ass net ze verwiessele mat Naturismus am Sënn vun Nudismus.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: "L'histoire du foyer Héliar à Weilerbach." wort.lu, 8 septembre 2015, 16:34.
  3. "Centre Héliar: Relocatiounen a bis 2020 zou." rtl.lu, 24.01.2018, 12:30:51.
  4. Bingenheimer, V., 2018. Gut abgeschirmt. Bis 2021 wird das Flüchtlingsheim Centre Héliar in Weilerbach renoviert und ausgebaut. Luxemburger Wort vum 9. August 2018, S. 27.
  5. Réouverture de la structure d'hébergement temporaire pour demandeurs de protection internationale à Weilerbach. abp.gouvernement.lu (2022-10-19). Gekuckt de(n) 2022-11-18.