Weilerbaach

Duerf an der Gemeng Bäerdref
Dës Säit beschäftegt sech mat der Uertschaft Weilerbaach. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Weilerbaach (Homonymie).

Weilerbaach ass eng Uertschaft an der Gemeng Bäerdref.

Weilerbaach
Foussgängerbréck iwwer d'Sauer zu Weilerbaach (2008)
An anere Sproochen fr: Weilerbach
de: Weilerbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Awunner 225[1]
  01.01.2017
Héicht 192 m
Koordinaten 49° 50’ 02’’ N
      06° 22’ 55’’ O

Geographie änneren

Weilerbaach läit op der Sauer tëscht der Bollenduerfer Bréck an Iechternach.

Vis-à-vis, op der däitscher Säit vun der Sauer, läit Weilerbach, dat zu der Uertschaft Bollendorf gehéiert. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Sauer verbënnt déi zwou Uertschaften.

An der Weilerbaach ass zanter dem Enn vun den 1990er Joren, an engem fréiere Sanatorium (dem Institut Heliar), en Asylantenheem amenagéiert, iwwer dat de Yann Tonnar am Joer 2008 den Dokumentarfilm Weilerbach gemaach huet.

Geschicht

Tëscht 1862 an 1964 gouf et an der Weilerbaach eng Gare op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Weilerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gemengenzeitung 4/2016, S.61