Gare Nidderkuer

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vun Nidderkuer ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit nërdlech vum CR175 (Rue Pierre Gansen) an der Sektioun Nidderkuer vun der Gemeng Déifferdeng, a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
  • Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Gare Nidderkuer
Duerchfaart vun engem Gidderzuch an der Gare Nidderkuer (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1. Juni 1986
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Uertschaft Nidderkuer
Koordinaten 49°32'12,113"N, 5°53'38,324"O
Héicht i. M. 300 m
Reseau
Statiounscode Nk
Bedreiwer CFL
Streck(en) CFL-Linn 6
P.K. 3,00 km
Gleiser 2
Passagéier/Joer 146.919
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Péiteng,
Gare Déifferdeng
Kaart
Lag vun der Gare Nidderkuer

Se läit tëscht der Gare Déifferdeng an där vu Péiteng.

Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat just 15 Plazen an et gëtt eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Niederkorn, Gare routière un den TICE-Reseau ugebonnen.

Geschicht

änneren

D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just de Garen Esch, Bieles, Déifferdeng a Péiteng. Am Kader vun der Moderniséierung vun der Streck ass d'Gare Nidderkuer du bäikomm:

  • 25. Mäerz 1985: Accord vum CFL-Verwaltungsrot fir de Bau vun der Gare,
  • 8. Juli 1985: d'Aarbechte fir e Budget vu knapp 9,80 Millioune Frang ginn un d'Firma Lazzara verginn,
  • 16. September 1985: d'Aarbechte fänken un,
  • 12. Mee 1986: wéinst engem Hangrëtsch gëtt een Zousazkredit vu 6,4 Millioune Frang gëtt accordéiert ,
  • 1. Juni 1986: d'Gare geet fir de Persounentrafick op.[1]

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Abrëll 2025)

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

änneren
Lëtzebuerg Déifferdeng   RB   Péiteng Rodange oder

Péiteng

Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

änneren
Miersch Déifferdeng   RE   Péiteng Péiteng

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
   Commons: Gare Nidderkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370 383, 389)