Ferdinand d'Huart

lëtzebuergesche Moler

De Ferdinand d'Huart (genannt Fernand oder Fenny), gebuer den 13. Mäerz 1857[1],[2][3] zu Soller a gestuerwen de 27. Januar 1919[4] zu Märel (haut Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Moler.

Ferdinand d'Huart
Gebuer 13. Mäerz 1858
Soller
Gestuerwen 27. Januar 1919
Lëtzebuerg
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Moler, Kënschtler
Famill
Kanner Adrienne d'Huart

Säi Liewen änneren

Hien huet op der Konschtakademie vu München a Paräis studéiert. Do war hie Schüler vum franséische Moler Alexandre Cabanel (Prix de Rome:1845). Duerno huet hien an engem Pensionat, dem Collège des Oratoriens zu Juilly-sur-Seine, Zeechecourse ginn.

1907, nodeem dës Schoul huet misse zoumaachen, koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf Zeecheprofesser am Stater Kolléisch.

Als Moler huet e sech virun allem en Numm gemaach duerch Portraite vu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vu Blummesujeten.

Vun 1910 bis 1919 war de Ferdinand d'Huart President vum Cercle Artistique de Luxembourg.

Seng Duechter, d'Adrienne d'Huart, gebuer 1892, a gestuerwen 1984, war och Molerin.

Zu Bouneweg ass d'Rue Fernand d'Huart no him benannt.

Säi Wierk (Auswiel) änneren

Ausstellungen (Auswiel) änneren

  • Abrëll 1919: Casino Lëtzebuerg[5]

Gielercher änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ferdinand d'Huart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Friedrich, E., 1984, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an ons stad, Nr. 15, S. 26-27
  2. Am “Regard sur deux siècles de création...” gëtt als Gebuertsdatum den 13. Mäerz 1858 uginn
  3. Am Etat civil vu Wanseler [1] vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven ass als Gebuertsdatum den 13. Mäerz 1858 agedroen
  4. 4,0 4,1 4,2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Januar 1919
  5. Annonce am Tageblatt vum 1. Abrëll 1919