Peter Brandebourg

lëtzebuergesche Moler a Fotograf
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Peter (oder Pierre) Brandebourg(er) oder (Brandenbourger), gebuer de 25. Juli 1824 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Mee 1878, war e lëtzebuergesche Moler a Fotograf.

Peter Brandebourg
Gebuer 25. Juli 1824
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Mee 1878
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Fotograf, Moler

Hien huet no sengem Kolléisch zu Antwerpen, Paräis a München Konscht studéiert. De Brandenbourg war e Schüler vum Jean-Baptiste Fresez. Hien huet duerno Illustratioune vu Bicher, Portraitën a Landschafte gemoolt, mä mat der Zäit agesinn, datt e mat där neier Erfindung, der Fotografie, méi Sue kéint maachen. Géint 1867 huet hien als Éischten zu Lëtzebuerg an der Stad e Fotosatelier opgemaach, mat deem e landbekannt gouf.

Dësen Atelier huet, nom Brandenbourg sengem Doud, de Charles Bernhoeft iwwerholl.

Fir un hien z'erënneren gouf zu Bouneweg eng Strooss tëscht der Rue Nicolas Martha an der Rue Paul Medinger no him benannt.

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Peter Brandebourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Iwwer d'restauréiert Lithographie op der Websäit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik:Lithographie restaurée