Michel Weyler

Art template.png Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Michel Weyler, gebuer 1851 zu Iechternach, a gestuerwen den 23. August 1926 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Moler[1]. Hie gëtt, grad wéi de Michel Sinner, als groussen Ettelbrécker Moler betruecht.

Michel Weyler
Gebuer 1851
Iechternach
Gestuerwen 23. August 1926
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Michel Weyler: D'Schoofsbréck iwwer d'Waark

Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert an huet Natures morten, Landschaften an och Portraitë gemoolt. De Musée National d'Histoire et d'Art zu Lëtzebuerg an och d'Ettelbrécker Gemeng sinn am Besëtz vun ettleche vu senge Biller.

De Michel Weyler huet 1881 ee Wierk mam Titel "Une Table de Cuisine" um Salon des Champs Elysées ausgestallt[2].

Seng WierkerÄnneren

  • De Carlo Hemmmer hat dräi Biller vum Michel Weyler a sengem Besëtz:
    • D'Schoofsbréck bei Waarken (Ueleg op Karton),
    • Stilleben 1 (Ueleg op Holz),
    • Stilleben 2 (Ueleg op Holz),

Hien huet se bei sengem Doud der Ettelbrécker Gemeng vermaach[3].

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Doudesannonce vum Michel Weyler am Lxemburger Wort vum 24. August 1926
  2. Bour Roger an der Literatur
  3. Reider, Zäitschreft vun der Ettelbrécker Gemeng, no 4 vum Abrëll 1989