Jean-Nicolas Bernard

lëtzebuergesche Moler
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Nicolas Bernard, gebuer den 28. Mee 1803 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 10. Juni 1866, war e lëtzebuergesche Moler.

Jean-Nicolas Bernard
Gebuer 28. Mee 1803
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Juni 1866
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hie war haaptsächlech als Portraitist bekannt.

Säi Liewen änneren

Ëm 1822 huet de Jean-Nicolas Bernard säi Studium an der stättescher Zeecheschoul ugefaangen. 1826, ënnert dem Professorat vum Jean-Baptiste Fresez, krut hien déi héchst Auszeechnung, d'Médaille en argent grand module. No engem kuerzen Openthalt op der Académie royale des beaux-arts zu Antwerpen dat selwecht Joer, huet hie sech op eng Plaz als Professer am Iechternacher Kolléisch gemellt. Hie gouf och als Professer agestallt, als Nofollger vum Joseph Maisonnet, dee gestuerwe war.

De Jean-Nicolas Bernard huet awer nëmmen e puer Méint Course ginn (Dezember 1826 - Abrëll 1827), well hie sech net mat den Iechternacher Autoritéiten eens gouf, wat seng Pai a säi Logement ugaangen ass.

Am Oktober 1839 huet hien eng privat Zeechen- a Molschoul an der Dräikinneksgaass an der Stad opgemaach, an där Strooss wou säi Papp fréier eng Bäckerei hat.

Wierker änneren

  • “Portrait de Mme J.-B. Bodson” (1839)
  • “La vallée du Pfaffenthal” - De Pafendall, vun der Schlassbréck aus gesinn
  • “Le Grund” - De Gronn, vum selwechte Punkt aus gesinn
  • “Un panorama de la ville de Luxembourg” - E Panorama vun der Stad, vum Fetschenhaff aus gekuckt

Ausstellungen änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Nicolas Bernard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren