Michel Sinner
lëtzebuergesche Moler
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Sinner, gebuer de 5. November 1826 zu Ettelbréck, an och do gestuerwen den 11. Juni 1882, war e lëtzebuergesche Moler, deem säin Haaptinteressi beim Schafe vu Portraiten a Karikature louch.
Michel Sinner | |
---|---|
Gebuer |
5. November 1826 Ettelbréck |
Gestuerwen |
11. Juni 1882 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Säi Liewen
ännerenDe Michel Sinner huet de franséischen Auteur Victor Hugo perséinlech getraff an him eng Rei Portraite presentéiert, déi a Fro kéime fir d'Illustratioun vum Roman "Les Misérables" ze maachen. Zu sou enger Zesummenaarbecht sollt et awer net kommen: De Victor Hugo a seng Editeuren hate sech schonn op aner Kënschtler festgeluecht.
Wierker
änneren- La mort de Jean l'Aveugle, ëm 1845, Ueleg op Léngen, 116 cm × 172 cm, Musée national d'histoire et d'art, Stad Lëtzebuerg
Kollektiounen
ännerenD'Gemeng Ettelbréck huet en ettlech Tableaue vum Michel Sinner an hirem Besëtz, och dee vum Cosette (Les Misérables), deen hie fir de Victor Hugo gemoolt hat.
Literatur
änneren- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- Frank Wilhelm, 2003. Victor Hugo et le peintre Michel Sinner. De Reider: Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck Nr. 31: 28-37. Ettelbrück.
Galerie
änneren-
Zwou Jofferen
-
De Bauer an de Jäer
-
De Mann mat der Päif
-
De Fëscher mat Fra
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Michel Sinner – Biller, Videoen oder Audiodateien |