Dominique-Antoine Pescatore

lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker

Den Dominique-Antoine Pescatore, genannt Antoine Pescatore, gebuer den 30. Mee 1842 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Juni 1916 zu Boufer, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.

Dominique-Antoine Pescatore
Gebuertsnumm Marie Anton Dominick Pescatore
Gebuer 30. Mee 1842
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Juni 1916
Boufer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Anne Pescatore
Papp Pierre-Antoine Pescatore
Mamm Marguerite-Séraphine Beving
Kanner Françoise Pescatore, Théodore Pescatore

Den Antoine Pescatore war e Jong vum Pierre-Antoine Pescatore an der Marguerite-Séraphine Beving[1]. Hie war e Jong vun der bekannter Pescatore Famill[2], där hiert Liewen ufanks vu geschäftlechen a politesche Succès markéiert war. Vun 1867 un huet hien als Deputéierten de Kanton Gréiwemaacher a vun 1869 bis 1887 d'Stad Lëtzebuerg vertrueden. Hie war och Sekretär vun der Chamber vun 1867 bis 1868 a vun 1872 bis 1875 a vun 1875 bis 1881 Vizepresident.[3]

Hien huet d'Société des hauts-fourneaux luxembourgeois 1869 matgegrënnt an 1870 d'Schlass Mäertert gebaut. Den Antoine Pescatore war Vizepresident vun der Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg (1873-1881).[4] Zesumme mam Louis Zoude huet hien 1882 de Bankverein in Luxemburg gegrënnt, vun deem hien Direkter gouf.[5] Hie war 1885 de Grënner vun der Société Industrielle et Financière Pescatore et Compagnie. Am selwechte Joer war hie Generalkommissär vun der Lëtzebuerger Filial op der Weltausstellung zu Antwerpen. No geschäftleche Réckschléi, déi am Joer 1886 d'Faillite vun der Firma Antoine Pescatore, L. Zoude & Compagnie ausgeléist hunn, huet de Pescatore sech aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. D'Schlass an de Park zu Mäertert goufen 1887 versteet.

D'Famill änneren

Den Antoine Pescatore gouf 1863 an der Stad mat der Molerin Anne Feltz bestuet; si haten 8 Kanner:[6]

Gielercher änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Wehenkel, A., 2002. Chronique de la famille Pescatore. Une histoire généalogique et culturelle. Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, Luxembourg, S. 63-66.
  2. Mersch, J., 1949 "Les Pescatore", Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 02, S. 445-569.
  3. "Attendu que l’immeuble sis 1, rue du Parc à Mertert se caractérise comme suit (...)", Commission des sites et monuments nationaux.
  4. "Pescatore Dominique-Antoine", D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  5. "Bankverein in Luxemburg", D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  6. "Pescatore, Dominique-Antoine", Mohr-Rautenstrach, Das Familienbuch.
  7. "Ordre de la Couronne de chêne", Mémorial, n° 34, 15. Juni 1872.