Jean-Baptiste Fresez
lëtzeburgesche Moler
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Baptiste Fresez, gebuer den 9. Juli[1] 1800 zu Lonkech a Frankräich, a gestuerwen den 31. Mäerz 1867 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler an Zeecheprofesser. Zwéi vu senge Schüler, déi spéider bekannt goufen, waren de Jacques Sturm an de Pierre Brandebourg.
Jean-Baptiste Fresez | |
---|---|
Autoportrait vun 1860. | |
Gebuer |
10. Juli 1800 Lonkech |
Gestuerwen |
31. Mäerz 1867 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Académie royale des beaux-arts |
Aktivitéit | Moler, Zeechner |
Liewen
ännerenHien huet op der "Académie des Beaux Arts" zu Bréissel studéiert a Studiereesen op Paräis, Bréissel an aner europäesch Stied gemaach. 1802 ass hie mat sengen Elteren op Lëtzebuerg wunne komm. Säi Papp huet op der Faiencerie op Siwebueren geschafft. Am Juli 1848 krut hien d'lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Naturalisatioun.[2]
Wierk (Auswiel)
ännerenVum Fresez si Portraiten a Landschaften am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg ze gesinn.
- 1828 Vues de la Ville de Luxembourg
- 1857 Album pittoresque du Grand-Duché de Luxembourg, Edition: Vic Hoffmann, 1932 nei erausgi bei Linden an Hansen, 1968 bei Kutter a 1990 bei Messageries du Livre;
- D'Faiencerie vu Siwebueren huet eng Serie vun Telleren erausgi mat lëtzebuergesche Buergen.
Illustratiounen
änneren-
Al Aansebuerg
-
De Bockfiels
Unerkennung
änneren- Als Unerkennung huet d'Lëtzebuerger Post 1952 e Käppchen zu Éiere vum Jean-Baptiste Fresez erausbruecht.
- Nom Fresez ass eng och Strooss um Lampertsbierg benannt; se verleeft vun der avenue Pasteur bis bei d'avenue Victor Hugo, op der Héicht vum Square André.
Literatur
änneren- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- Blanc, P.:J.-B Fresez, portraitiste, Annuaire de la Société des amis des musées,1928
- Noppeney, M.: Fresez, paysagiste et son époque, Linden & Hansen, 1932
- Mersch, J.: Vues anciennes 1598-1825, Edions P. Bruck, Luxembourg, 1977
- Namur, A.: Notices sur feu J.-B. Fresez,Imprimerie V. Buck, 1867
Um Spaweck
ännerenCommons: Jean-Baptiste Fresez – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Nowara, Malgorzata, 2011. Jean-Baptiste Fresez (1800-1867), un artiste luxembourgeois du XIXe siècle in Empreintes – Annuaire du Musée national d'histoire et d'art 4/2011 (Ss. 96-103)
- Säit vun der Galerie Kutter mat Biller vum J.-B. Fresez (archivéiert Säit)
Referenzen
änneren- ↑ [archivesenligne.archives.cg54.fr/arkotheque/visionneuse/visionneuse.php?arko=YTo2OntzOjQ6ImRhdGUiO3M6MTA6IjIwMjAtMTItMTgiO3M6MTA6InR5cGVfZm9uZHMiO3M6MTE6ImFya29fc2VyaWVsIjtzOjQ6InJlZjEiO2k6MTtzOjQ6InJlZjIiO2k6NjUxNTtzOjE2OiJ2aXNpb25uZXVzZV9odG1sIjtiOjE7czoyMToidmlzaW9ubmV1c2VfaHRtbF9tb2RlIjtzOjQ6InByb2QiO30=#uielem_move=183.43333435058594%2C72&uielem_islocked=0&uielem_zoom=71&uielem_brightness=0&uielem_contrast=0&uielem_isinverted=0&uielem_rotate=F Archives départementales de Meurthe-et-Moselle, 5 Mi 322/R 15, Longwy - naissances (20 messidor an VIII)].
- ↑ Publikatioun vun 3 Naturalisatiounen op der Säit 480 vum Memorial N°60 vun 1848