Les Cahiers luxembourgeois

Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft Les Cahiers luxembourgeois. Fir d'Zäitschrëft mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. nos cahiers.

Les Cahiers luxembourgeois ass eng lëtzebuergesch kulturell Zäitschrëft, déi den Ënnertitel « Revue libre des lettres, des sciences et des arts » dréit.

Les Cahiers luxembourgeois


Cover-Layout bis 2008

D'Cahiers luxembourgeois si geduecht, et Auteuren z'erméiglechen, Texter ze publizéieren, déi soss net an déi gängeg Formater vu Verlager oder Zeitungsredaktioune passe géifen, z. B. well se méi kleng sinn, wéi e Roman oder méi grouss, wéi en Zeitungsartikel. D'Artikele kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder, zënter 2016, op Englesch sinn a sollen e Bezuch zu Lëtzebuerg hunn.[1]

D'Cahiers luxembourgeois koumen fir d'éischt 1923 eraus. D'Begrënner waren de Frantz Clément an de Nicolas Ries, zesummen mam Paul Schroell. Weider Memberen vum éischte Redaktiouns-Comité waren Mathias Esch, Joseph Hansen, Nicolas Braunshausen, Mathias Tresch und Paul Palgen.[2] Nom Nicolas Ries, koumen als spéider Editeuren den Tony Jungblut, gefollegt vum Raymon Mehlen. Vun 1988 bis 2008 goufen d'Cahiers luxembourgeois vum Nic Weber als « Nouvelle Série » erausbruecht. No enger Paus vu 7 Joer gouf d'Serie 2016 nees fortgesat. Dräi Leit, d'Elise Schmit, de Ian De Toffoli an de Marc Limpach këmmere sech ewell ëm d'Editioun.[1]

Am Laf vun der 100järeger Geschicht, ware vill prägend Gestalten an Auteuren vum Lëtzebuerger Literatur- a Kulturbetrieb un de Cahiers bedeelegt: Albert Hoefler, Pierre Frieden, Marcel Noppeney, Leopold Hoffmann, Marcel Reuland, Lambert Schlechter, Guy Helminger, Jean Portante, Georges Hausemer, Samuel Hamen, Nora Wagener an Antoine Pohu, fir nëmmen déi ze nennen.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "No 7 Joer Paus: Eelsten Zäitschrëft fir Literatur a Kultur ass nees do." rtl.lu, 18.11.2016, 13:37:23.
  2. 2,0 2,1 (de)Kieffer, Marcel, Les Cahiers Luxembourgeois: Luxemburgs renommierteste Zeitschrift für Literatur und Essayistik feiert Jubiläum. Wort.lu online (06.12.2023). Gekuckt de(n) 07.12.2023.