Freskemolerei (aus dem Italieeneschen a fresco respektiv affresco intonnaco = op de frëschen, naasse Botz) ass eng Form vu Wand- oder Plaffongsmolerei bei där Pudderfaarwen a klorem Kallekswaasser opgeléist, op frësch Kallekspeis opgedroe ginn.

Kuppelfreskemolerei an der Wieskirche zu Wies am Allgäu (Bayern), déi zu de Weltierwe vun der UNESCO gehéiert

Dat fäerdegt Wand- oder Plaffongsbild gëtt Fresko genannt. Ëmgangssproochlech gi vun Netkonschthistoriker och dacks Wandmolereien, egal op an dréchener (al secco) oder fiichter (al fresco) Molweis, als Freske bezeechent.

Bei der al fresco-Molerei gi Faarfpigmenter a Kallekwaasser (Kallekfaarwen) ugeréiert an op den nach frëschen, also fiichte Kallek opgedroen. Dobäi vermësche sech d'Kallekdeeler. Beim Dréchnen entsteet eng homogeen Kallekbotzschicht, mat ageschaffte Faarfpigmenter.

D'Faarf kann net, wéi bei der sougenannter Seccomolerei (Wandmolerei op eng dréche Mauer), ofbliederen. D'Technik ass méi opwänneg a méi schwéier, well Botz a Faarf jeeweils de selwechten Dag mussen opgedro ginn, an et gëtt keng Méiglechkeet Feeler ze verbesseren.

Eenzel Motiver vum Gesamtfresko gi jeeweils an engem Dag gemaach. Dëst gëtt Giornata genannt (Dageswierk). De Botz vum nächsten Dag muss ganz virsiichteg op de schonn agefierfte Botz vum Dag virdrun opgedroe ginn, fir d'Wierk dat scho besteet, net ze zerstéieren. D'Stéiss, déi aus de verschiddenen Dageswierker entstinn, si bei Sträifliicht gutt z'erkennen.

Déi éischt historesch noweisbar Freskemolerei staamt aus dem historesche Persien zu der Zäit vum Kyros II. An den historesche Mauere vu Persepolis gëtt bildlech d'Victoire iwwer d'babylonesch Truppen, d'Eruewerung vu Jerusalem an d'Befreiung vun de versklaavten a verschleefte Judden aus hirer babylonescher Gefaangenschaft erzielt.

Beléift war d'Freskemolerei an der Antiquitéit. Gutt erhale Beispiller fanne sech zu Pompeji, z. B. an der Mysteriëvilla an zu Herculaneum.

Judaskuss, Giotto, Cappella degli Scrovegni, Padua

Am Mëttelalter gouf zanter dem Giotto gär mat enger Mëschtechnik vu fresco a secco geschafft. Beispiller, déi gutt erhale sinn, fënnt een an der Cappella degli Scrovegni zu Padua, an an der Basilika San Francesco zu Assisi.

An der Renaissance an am Barock gëtt da bal ausschlisslech nees „al fresco“ geschafft. Berüümt Beispiller sinn d'Sixtinesch Kapell mam bedeitendste Freskenzyklus vum Owendland vum Michelangelo an de Freske vum Raffael am Vatikan.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fresken – Biller, Videoen oder Audiodateien