De Joseph Probst, gebuer den 18. November 1911 zu Veianen a gestuerwen den 8. Juli 1997 zu Jonglënster, war e Lëtzebuerger Moler. Hien huet Zeechnungen, Uelegbiller, Keramik, Fënsteren a Mosaicker realiséiert a gëllt als ee vun de bedeitendste Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg.[1]

Joseph Probst
Gebuer 18. November 1911
Veianen
Gestuerwen 8. Juli 1997
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Colette Wurth
Geschwëster Émile Probst
Kanner Annette Probst

Hien ass de Brudder vum Émile Probst.

Ausbildung a Liewenslaf änneren

No senger Première (1931) am Stater Kolléisch huet de Joseph Probst sech als fräie Schüler an der Handwierkerschoul ageschriwwen (1931-1932), wou hien Zeechnen a Molerei mat Uelegfaarwe geléiert huet.

Vun 1932 bis 1934 huet hien op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel, an duerno, vun 1934 bis 1935 op der Akademie der bildenden Künste zu Wien studéiert. 1937 huet hien de Joseph Kutter kennegeléiert, deem seng Aarbechten hie besonnesch beandrockt hunn. 1938 huet hie säin Exame gepackt fir Zeecheprofesser zu Lëtzebuerg ze ginn. Hien huet awer ni an deem Beruff geschafft.

1938 geet en nees op Bréissel fir an der École supérieure des arts décoratifs bis 1940 Maueremolerei ze studéieren.

Am Zweete Weltkrich lieft de Probst zu Jonglënster, wou hie seng éischt Wierker als fräischafende Kënschtler realiséiert.

De Moler huet, zesumme mat de Kënschtler François Gillen, Victor Jungblut an Lucien Wercollier d'Grupp Nouvelle Équipe gegrënnt an um Salon de la nouvelle équipe 1948 an 1950 ausgestallt.[2]

De Joseph Probst war wärend senger Schafenszäit finanziell onofhängeg, dat well hie vun der Famill vu senger Fra Colette Probst-Wurth, déi selwer Kënschtlerin war, ënnerstëtzt gouf.[1]

Hien ass de Papp vun der Annette Weiwers-Probst.

Säi Wierk änneren

An de Jore vum Zweete Weltkrich zeechent de Probst Portraite mam Bläistëft, Nature-morten an Akten.[1]

No 1945 fillt hie sech vun der École de Paris inspiréiert a gëtt no an no ee vun den äifregste Moler an der Abstrakter Konscht zu Lëtzebuerg. 1954 ass hie Matgrënner vu Les Iconomaques, an duerno och Member vun der Nouvelle équipe.[1]

Ëm 1963 realiséiert hien, zesumme mam Michel Stoffel a François Gillen, d'Mosaicker op der Haaptfassad vum Stater Kolléisch.[3]

1971 hält de Probst op mat der Uelegmolerei a moolt duerno nëmme méi mat Acrylfaarwen.[1]

Ufank der 1980er Jore moolt hien eng Serie Tableauen déi him vun de Lidder aus der däitscher Romantik inspiréiert goufen.[1]

Auszeechnungen änneren

1960 krut de Probst de Marzotto-Präis, déi Zäit ee vun de renomméiertste fir zäitgenëssesch Konscht.

Wierker änneren

Retrospektiv Ausstellungen änneren

  • 1991 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht bei Geleeënheet vum 80. Anniversaire vum Kënschtler. Et goufen eng 50 Biller vum Probst gewisen.[1]
  • 2011-2012 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (November 2011-Mäerz 2012) an am Cercle-Cité (November 2011-Enn Januar 2012).

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Eischen, L., 2007. Joseph Probst. Les collections luxembourgeoises du Musée national d'histoire et d'art. ons stad 86, S. 61-63. [1]
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 66-67)
  • Nowara, M., 2011. Joseph Probst (1911-1997). In: Musée national d'histoire et d'art, Joseph Probst 1911-1997. 100e anniversaire. Katalog vun der duebeler Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an am Cercle-Cité vum 18.11.2011-25.03.2012 (ouni Säitenzuel).
  • Musée national d'histoire et d'art, 2011. Joseph Probst 1911-1997. 100e anniversaire. Katalog vun der duebeler Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an am Cercle-Cité vum 18.11.2011-25.03.2012. Ouni Säitenzuel. ISBN 978-2-87985-173-0
  • Rolland, M.-L., 2011. Centième anniversaire de la naissance de Joseph Probst (1911-1997). Un artiste aux multiples facettes. Le Musée national d'histoire et d'art et le Cercle Cité de Luxembourg présentent une double exposition. Luxemburger Wort vum 18. November 2011, S. 18-19.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 Luxemburger Wort vum 18. November 2011, S. 18-19
  2. Luxemburger Wort vum 22. Mee 1948, S. 2 (Link)
  3. Cf. d'Nimm vun de Kënschtler op de Mosaicker um Kolléisch.
  4. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022