Litauesch

indoeuropäesch Sprooch
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Litauesch
lietuvių kalba
Gëtt geschwat an: Litauen, Wäissrussland, Polen
Regioun: Osteuropa
Gëtt geschwat vun: 3,1 Milliounen (Mammesprooch)
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Litauen
Reglementéiert vun: Valstybinė lietuvių kalbos komisija
Sproochcoden
ISO 639-1 lt
ISO 639-2 lit
ISO 639-3 lit

Litauesch (lt: lietuvių) ass eng indoeuropäesch Sprooch, déi zur baltescher Sproochgrupp gehéiert. Litauesch ass déi offiziell Sprooch vun der Republik Litauen an zënter 2004 eng vun de 24 offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.

D'litauesch Sprooch ass bekannt fir hire signifikante phoneeteschen a lexikaleschen Archaismus. Vill Linguiste gleewen, datt Litauesch an de Sanskrit aus der indoarescher Grupp d'nächst lieweg Nokommë vun der indoeuropäescher Ursprooch sinn.