Institut européen de chant choral Luxembourg

Den Institut européen de chant choral Luxembourg, ofgekierzt INECC Luxembourg, ass eng op de Gesank spezialiséiert Museksschoul mat Sëtz am Van-der-Vekene-Haus am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. D'INECC huet eng Schwësterorganisatioun a Loutrengen ënner dem Numm INECC Mission voix lorraine.

De Logo vum INECC.
D'Van-der-Vekene-Haus am Gronn, Sëtz vum INECC op Nr. 2-4 an der Sosthène-Weis-Strooss. Vue aus der Plaetisgaass.

Missiounen änneren

An Zesummenaarbecht mat dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg gëtt versicht, follgend Missiounen z'erfëllen:

  • Aus- a Weiderbildung souwuel vum Amateur wéi och vum Professionellen;
  • Begleedung vu Sänger oder Gesanksensemblen, déi um Sprong op e professionellen Niveau sinn;
  • Begleedung vun zukünftege Formateuren;
  • Zesummenaarbecht mat verschiddene musikalesche Strukturen;
  • Fërdere vun alle musikalesche Repertoiren an alle Stiler aus allen Zäitalteren;
  • Fërdere vun der musikalescher Kreatioun;

Verwaltungsrot änneren

Direktioun änneren

  • Camille Kerger, Direkter
  • Chantal Grandclair, administrativ a finanziell Direktesch

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Notten änneren

  1. Erna Hennicot-Schoepges war bis am Fréijoer 2012 Presidentin vum INECC Lëtzebuerg.