Ordre de la Couronne

belsche Verdéngschtuerden

Den Ordre de la Couronne oder Krounenuerden ((nl) Kroonorde) ass e belsche Verdéngschtuerden deen de 15. Oktober 1897 ënner dem Leopold II. erauskoum.

Gielche vum Ordre de la Couronne

Den Uerde gouf ursprénglech vergi fir heroesch Doten an exemplaresch Déngschter ze honoréieren, déi am Kongo geleescht goufen. 1908 gouf en als Kolonialuerden an den allgemenge System vun de belschen Uerden, ënnert dem Leopoldsuerden, integréiert.

De Krounenuerden gëtt hautdesdaags vergi fir Servicer ze éieren déi dem belsche Staat entgéintbruecht goufen, absënns an der Fonction publique. E kann awer och bedeitend artistesch, literaresch oder wëssenschaftlech Verdéngschter auszeechnen, grad wéi kommerziell an industriell Interessen oder Servicer, déi an der Belsch oder an Afrika geleescht goufen.

Den Uerde kann och auslännesch Staatsbierger auszeechnen an e gëtt dacks un d'diplomatescht oder d'militärescht Personal vu Länner verginn, déi an der Belsch stationéiert sinn oder der Belsch hëllefen. Am Zweete Weltkrich gouf de Krounenuerden och un alliéiert Zaldote verdeelt, déi gehollef hunn d'Belsch ze befreien.

Den Uerden huet fënnef Klassen, zwou Palmen an dräi Medailen:

  •   Gëlle Palm
  •   Sëlwer Palm

Medailen

änneren
  •   Gëlle Medail
  •   Sëlwer Medail
  •   Bronze Medail

Um Spaweck

änneren
Commons: Ordre de la Couronne – Biller, Videoen oder Audiodateien