Alain Durieux

lëtzbuergeschen Arbitter

Den Alain Durieux, gebuer den 2. August 1985, ass e lëtzebuergesche Foussballsarbitter. Hien ass beim FC Jeunesse Schieren lizenzéiert an huet mat 16 Joer mam Arbitrage ugefaangen.

Alain Durieux
Gebuer 2. August 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballschiidsriichter, Arbitter

Zenter dem Hierscht 2019 ass hien an der Klass B an däerf domat Matcher an der Europa League päifen. Hien ass nom Alain Hamer eréischt deen zweete lëtzebuergeschen Arbitter, deem dat konnt erreechen. Hien ass zanter 2015 FIFA-Schidsriichter. Hien ass och den éischte Lëtzebuerger Arbitter deen eng VAR-Formatioun matgemaach huet.

Wéinst Austauscher päift hien och reegelméisseg Matcher an der Proximus League an der Belsch an an der Regionalliga West an Däitschland.

Hien huet bis Januar 2020 méi wéi 135 Matcher an der BGL Ligue an ëm déi 50 Matcher an der Éierepromotioun gepaff.

International Matcher änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

National Finallen änneren

Datum Match Resultat Kompetitioun Spektateuren
20.07.2019 F91 Dudelange- Etzella Ettelbrück 0-2 Coupe de la Ligue 222
17.05.2013 Jeunesse Esch - FC Deifferdeng 03 2-1 Coupe de Luxembourg 2.353

Um Spaweck änneren

https://worldreferee.com/referee/alain_durieux/

Referenzen änneren