FC Swift Hesper
Swift Hesper | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Swift Hesper | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Rout-Wäiss | |||
Grënnung: | 2. Juli 1916 | |||
Stadion: | Stade Alphonse Theis | |||
Plazen: | 4 100 | |||
President: | Fernand Laroche | |||
Trainer: | Serge Wolff | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 2. Plaz | |||
Websäit: | (fr) www.swifthesper.lu | |||
|
Den FC Swift Hesper (offiziell F.C. Swift Hesperange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Hesper. E besteet zanter dem 2. Juli 1916. D'Veräinsfaarwe si rout a wäiss.
1984/85 war en Tournant[1] an der Veräinsgeschicht vun Hesper. D'éischt Seniorsekipp ass no zwou Saisonen an der Éierepromotioun an d'Nationaldivisioun geklomm a konnt sech do bis 1991/92 behaapten.
1993/94 gléckt den Hesper zwar de Retour an d'iewescht Spillklass, dofir si se an den zwou Saisonen drop dunn awer direkt zweemol hannereneen, bis an d'éischt Divisioun, zeréckgefall. De Veräin erkritt sech séier a klëmmt 1996/97 an d'Éierepromotioun. Zanter der Saison 2001/02 ginn zu Hesper nees Nationaldivisiounsmatcher gespillt.
De gréisste Succès vum Swift war d'Victoire géint d'AS Déifferdeng (3-3 n.V. 7-1) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 1989/1990.
D'éischt Ekipp spillt hir Matcher am Stade Alphonse Theis zu Hesper. De Stade huet Plaz fir 4 100 Spectateuren. Dovu si 600 Sëtzplazen op der Tribün an 3 500 Stéiplazen op de Gradinsën a laanscht d'Clôture. Aner Terrainë sinn den alen Terrain um Holleschbierg an en drëtt, méi klengt Spillfeld mat syntheeteschem Wues.
Nationale Palmarès
änneren- Gewënner (1x): 1990
Europäesch Kompetitiounen
ännerenSaison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1990/91 | EP Pokalgewënner | VR | Legia Warschau | 0-3, 0-3 |
VR: Virronn
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Mëtt der 70er bis an d'Hallschent vun den 80er Joren "houng" de Swift reegelrecht tëscht den Divisiounen. Opstig an d'Éierepromotioun: 1976, 1978, 1981, 1983; Ofstig an d'éischt Divisioun: 1977, 1980 an 1982.
Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20 | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|