CoRoT
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Weltraumteleskop CoRoT. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Corot. |
CoRoT | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | Europa |
Agentur | ESA |
Bunnhéicht | 827 km |
Mass | 630 kg |
Ofmiessungen | 4,1 m × 1,98 m × 1,98 m |
Start | 27. Dezember 2006 |
Startplaz | Baikonur |
Drorakéit | Sojus 2.1b |
Diverses |
CoRoT (vum franséischen „Convection, Rotation et Transits planétaires“, oder engleschen „Convection, Rotation and planetary Transits“, ass ee vun der franséischer Raumfaartagentur CNES bedriwwene Weltraumteleskop. E verfollegt Hellegkeetsverännerunge vu ville Stären, fir doraus Informatiounen iwwer déi bannenzeg physikalesch Eegenschaften ofzeleeden a sicht Exoplanéite mat der Transitmethod. Rakéitestart war de 27. Dezember 2006. Déi ëm dräi Joer verlängert Missioun soll den 31. Mäerz 2013 fäerdeg sinn.
Missiounsziler
ännerenCoRoT huet zwee wëssenschaftlech Ziler[1]:
Asteroseismologie
ännerenNo der Method vun der Asteroseismologie soll aus reegelméissegen Hellegkeetsschwankunge vun de Stären hir bannenzeg Struktur enträtselt ginn. Fir d'Ënnersich goufen haaptsächlech Stäre vun der Haaptrei (Spektralklassen F a G, Delta-Scuti-Stären) mat enger visueller Magnitude vun iwwer 9 mag a méi kleng wéi 6,5 mag erausgesicht. Eng Observatiounsperiod am sougenannten Haaptprogramm dauert 150 Deeg. Wärend där Zäit observéiert de CoRoT all Kéier 10 Stären. Duerch eng héichprezis Miessung vun den Hellegkeetsvariatiounen (0,1 bis 10 Hz) solle follgend Parametere bestëmmt ginn:
- Radius vum thermonuklear aktive Kär
- Heliumundeel (Metallizitéit)
- Déckt vun de baussenzege Konvektiounsschichten
- Profil vun der Wénkelvitess vum Mëttelpunkt bis zu der Uewerfläch souwéi vun den associéierten Dréimomenter.
Nieft den Ofschnëtter vun 150 Deeg am Haaptprogramm vun der Observatioun huet de Corot een „explorative“ Programm. Den explorative Programm ënnersicht vill Stäre vun der Spektralklass B bis K. Dofir gi Periode vu ronn 20 Deeg tëscht den Observatiounsperiode vum Haaptprogramm agesat. D'Miessfrequenz gëtt op 0,6 Hz erofgesat. Dat erlaabt d'Fërderung vu statisteschen Informatiounen iwwer d'Verhältnes vun de Schwéngungstyppen an Ofhängegkeet vun der Mass, Alter, Wénkelvitess, a Metallizitéit vun den ënnersichte Stären. 50 bis 100 Objete sollen ënnersicht ginn.
Sich no Exoplanéiten
ännerenDuerch d'Iwwerwaachung vu ville Stäre soll och no Exoplanéite gesicht ginn, déi beim Transit virun hirem Mammestär zu engem kuerzen Hellegkeetsoffall féieren (Transitmethod). Gläichzäiteg ginn 12.000 Stären iwwerwaacht (am Ganze bis 180.000). D'Stäre hunn eng visuell Hellegkeet vun 12 mag bis erof op 15,5 mag. Et handelt sech dofir an der Reegel ëm rout Zwerge vun de Spektralklassen F bis M. Nieft der Entdeckung vun Honnerte vu Planéite vu Jupitergréisst erwaarden déi wëssenschaftlech Planungsdokumente vun der Missioun, datt 10 bis 40 Planéitem an Äerdgréisst an anere Sonnesystemer entdeckt ginn.
Fir e puer Exoplanéite gëtt erwaart, datt si an der habitabler Zon leien, an där flëssegt Waasser ze fannen ass. Een „habitablen“ Exoplanéit gëtt allerdéngs méiglecherweis net an der Ëmlafbunn vun engem sonnenänleche Gielen Zwerg fonnt, mä éischter an enger noer Ëmlafbunn (0,2 bis 0,5 AE) vu méi kalen Zwergstäre.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Tilmann Althaus: Die COROT-Mission. Ein Planetenjäger im All. In: Sterne und Weltraum 46, Nr. 1, 2007, S. 16–18 (2007)
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 31.01.2012. Gekuckt de(n) 24.03.2012.
Um Spaweck
änneren- (en) COROT-Säit bei CNES
- COROT-Seite der deutschen Co-Investigatoren
- Éisträichesch Websäit zu COROT
- Keno Verseck, Späher ferner Welten (Technology Review, 23. November 2006)
ESA Satellitten a Raumsonden | ||
COS-B (1975) • GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978) • Meteosat (1977–1997) • IUE (1978) • EXOSAT (1983) • Giotto (1985) • Olympus (1989) • Hipparcos (1989) • Hubble (1990) • Ulysses (1990) • ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995) • EURECA (1992) • ISO (1995) • SOHO (1995) • Huygens (1997) • XMM-Newton (1999) • Cluster (2000) • Artemis (2001) • Proba (2001) • Envisat (2002) • MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005) • Integral (2002) • Mars Express (2003) • SMART-1 (2003) • Double Star (2003) • Rosetta (2004) • SSETI Express (2005) • CryoSat (2005) • Venus Express (2005) • Galileo (2005–2008) • ASTRO-F (2006) • METOP-A (2006) • CoRoT (2006) • GOCE (2007) • SMOS (2007) • Herschel (2009) • Planck (2008) • ADM-Aeolus (2008) • HYLAS (2008) • LISA Pathfinder (2009) • CryoSat-2 (2009) • SWARM (2010) • Gaia (2011) • ExoMars (2013) • BepiColombo (2013) • JWST (2013) • LISA (2015) • Darwin (2015) • Solar Orbiter (2015) • Mars Sample Return (fréistens 2016) |