James-Webb-Weltraumteleskop
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den James-Webb-Weltraumteleskop (engl.: James Webb Space Telescope, ofgekierztt JWST oder Webb) ass e Weltraumteleskop fir d'Infraroutastronomie.
E gouf zanter 1996 als gemeinsame Projet vun de Weltraumagencen NASA (USA), ESA (Europa) an CSA (Kanada) entwéckelt a kann als wëssenschaftlechen Nofollger vum Hubble-Weltraumteleskop an vum Spitzer-Weltraumteleskop ugesi ginn.
De JWST ass de 25. Dezember 2021 gestart ginn an huet de 24. Januar 2022 seng Orbit um Lagrange-Punkt L2 ronn 1,5 Millionen Kilometer vun der Äerd ewech, erreecht. Den 11. an 12. Juli 2022 huet e seng éischt Biller presentéiert.
De JWST huet véier wëssenschaftlech Haaptaufgaben:[1]
- D'Siche vun den éischten Objeten a Galaxien, déi liichten, an déi nom Urknall an am donklen Zäitalter dono, virun 13,5 Milliarde Joer, entstane sinn.
- Hëllefe, fir besser ze verstoe wéi d'Strukturen am Universum entstane sinn.
- Ënnersichen an erfuerschen, wéi Galaxien, Schwaarz Lächer, Stären a Planéitesystemer entstane sinn, absënns och déi protoplanetar Scheiwen.
- Exoplanéiten, hir Atmosphär an eventuell Konditiounen, datt do Liewe kéint sinn, erfuerschen.
De JWST ass deelweis 100-mol méi empfindlech fir elektromagnéitesch Welle wéi den Hubble-Teleskop.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: James-Webb-Weltraumteleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien |