SSETI Express
Typ Experimentalsatellit
Land Europa
Agentur ESA
Apogeum 708 km
Perigeum 682 km
Bunnschréi 98,2°
Mass 60 kg
Bunn-Ëmlafzäit 98,7 min
Start 27. Oktober 2005, 06:52 UTC
Startplaz Plessezk
Drorakéit Kosmos 3M
Status ausser Betrib 1. November 2005

Den SSETI Express (och OSCAR 53 genannt) ass e Mikrosatellit, deen de 27. Oktober 2005 vun der russescher Weltraumgare Plessezk aus gestart gouf. Hie gouf vun iwwer 200 Studente vu ronn 20 Universitéiten aus 12 Länner entworf a gebaut. SSETI heescht „Student Space Exploration and Technology Initiative“ (Weltraumexploratiouns- an Technologieinitiativ fir Studenten). Den SSETI Express war 60 Kilogramm schwéier a war den éischte „Studentesatellit“ vun der Welt.

Hie gouf um 06:52 UTC vum russesche Kosmodrom Plessezk aus gestart an huet d'Äerd an enger Héicht vu 690 km ëmkreest. Nom erfollegräiche Start krut hien d'OSCAR-Nummer 53.

De Satellit hat dräi Picosatellitte mat an de Welraum geholl, déi eng Kantelängt vun 10 Zentimeter haten an ongeféier 1 kgschwéier waren. Déi dräi Satellitte goufen op der Ëmlafbunn ofgesat:

No fënnef Deeg Fluch hat d'ESA den 1. November 2005 de Kontakt zum SSETI Express verluer. D'Stroumversuergung am Satellit hat versot, a sou war en Oplueden vum Satellit net méi méiglech. De Feeler gouf anscheinend duerch eng Hëtztiwwerlaaschtung an der Luedkontrolleenheet ausgeléist. Dobäi hat d'Verkettung vun ettlechen Zoustänn eng Roll gespillt, déi an där Form op der Äerd net getest gi war: Nom leschte Kenntnesstand hat dat afalend Sonneliicht d'Stroumversuergung duerch d'Solarzellen aktivéiert. Well awer 60 min laang nom Aussetzen all d'Notzlaaschten hu missen ausgeschalt bleiwen an d'Batterie voll geluede war, konnt déi ufalend Energie vune der d'Luedeelektronik nëmmen als Wäermt 'verbraucht' ginn. En Entworfsfeeler huet du fir eng ongenügend Opdeelung vun der Hëtztlaascht, an zulescht zum Versoe vun engem entscheedende Baudeel gesuergt.

Trotzdeem gëtt d'Missioun als Erfolleg betruecht. Bis d'Batterie komplett eidel war, hat de Satellit ouni Problem funktionéiert an déi dräi Pikosatellitte goufen all ausgesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)