International Ultraviolet Explorer

Den International Ultraviolet Explorer (IUE) och Explorer 57 war e Weltraumteleskop fir astronomesch Observatiounen am ultraviolette Beräich vun der elektromagnetescher Stralung.

IUE
Start vum International Ultraviolet Explorer

Iwwerbléck

änneren

Den IUE war eng Zesummenaarbecht vun der NASA, der ESA am brittesche SERC a gouf de 26. Januar 1978 mat enger Delta 2914-Rakéit an eng geosynchrone Ëmlafbunn bruecht. Am Ufank war fir den IUE dräi bis fënnef Joer geplangt, awer hie konnt weider schaffe bis den 30. September 1996. Bis dohin ware véier vun den ufanks sechs Steierkreesel ausgefall, d'Teleskop war awer nach mat verréngerter Effizienz betribsfäeg. Der endgültige Ausfall der Steuerelemente wurde nicht abgewartet, Den IUE gouf virum endgëltegen Ausfall aus finanzielle Grënn ausgeschalt, andeems seng Batterie per Funk gesprengt goufem. Et war ee vun den erfollegräichsten an effektivste Weltraumteleskopen.

Technik

änneren

Den IUE hat e relativ klengt Teleskop vu 45 cm Haaptspigelduerchmiesser. Hien hat keng Kamera, awer zwéi Spektrographe fir Wellelängten tëscht 115 an 320 nm mat spektraler Opléisung vun 300 respektiv 20000. Iwwer 104000 Spektre vu verschiddenen astronomeschen Objete goufen archivéiert. Bedriwwe gouf den IUE vun zwou Buedemstatiounen an den USA an a Spuenien. Am Géigesaz zu villen anere Weltraumteleskope konnt en direkt vun den Astronome gesteiert ginn.

Mat de Spektre vum IUE goufe vill Froen ënnersicht, zum Beispill iwwer:

Den IUE war als Ultraviolettobservatoire den direkte Virleefer vum Hubble-Weltraumteleskop

Um Spaweck

änneren
Commons: International Ultraviolet Explorer – Biller, Videoen oder Audiodateien


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)